Lëtzebuerg huet haut déi markantste Politikerin a senger rezenter Geschicht verluer. Wéi keng aner Fra huet d’Colette Flesch dat politescht Liewen an d’Gläichstellung vun de Fraen hei am Land an de leschte Joerzéngte markéiert.
D’Demokratesch Partei verléiert eng Leaderfigur, eng Mentorin an eng Frëndin, déi hiresgläiche gesicht an d’Liewe vun der DP maassgeeblech gepräägt huet.
D’Colette Flesch ass mat engem oppene Geescht a mat Freed un de Mënschen duerch d’Liewe gaang. Si huet sech musse mat Intelligenz a Fläiss an enger dacks vu Männer dominéierter Politik duerchsetzen an huet dobäi ni vergiess, wat de Gaston Thorn hir mat op de Wee ginn huet: Du muss all Dossier besser kennen ewéi all déi aner. D’Colette Flesch war bis zulescht oppe fir all Neits an huet d’Liewen an all senge Facette genoss. Si wor eng grouss Sportlerin an huet als Fechterin un dräi Olympesche Spiller deelgeholl.
Regreten hat d’Colette um Enn vu hirer politescher Carrière keng: Jiddereen, deen Entscheedungen hëlt, mécht och Feeler. Op nationalem Plang wor si dankbar, datt si konnt u grousse Reforme matschaffen; beim Ofschafe vun der Doudesstrof, der Liberaliséierung vum Avortement, beim Aféiere vun der Palliativfleeg a bei der Depenaliséierung vun der Euthanasie. Als Wirtschaftsministerin wor si un der Rettung vun der Stolindustrie bedeelegt. Extra um Häerz louch der Colette Flesch awer d’Reform vun den Zivilrechter vun de bestuete Fraen.
Et wor och bei deene groussen Debatten an der Chamber, wou si hir Intelligenz, hir Empathie an hir brillant Rhetorik bewisen huet. D’Colette Flesch wor eng iwwerzeegten Demokratin a sozial Liberal, déi op der politescher Bün mat Argumenter iwwerzeegt huet.
Als Buergermeeschtesch hat d’Colette Flesch grouss Verdéngschter un der aussergewéinlecher Entwécklung vun der Stad Lëtzebuerg.
D’Colette ass do! Wann d’Colette do wor, da konnt e Kongress, da konnt eng Generalversammlung, da konnt en Informatiounsowend ufänken. D’Colette Flesch ass hirer DP bis zum Schluss frëndschaftlech verbonne bliwwen. Si kann houfreg ob hiert Liewe sinn.
D’DP trauert. D’DP ass awer och frou, esou eng exzeptionell Fra an hire Reie gehat ze hunn.
D’Demokratesch Partei seet dem Colette Merci fir alles!
Déi gebierteg Diddelengerin Colette Flesch flücht den 10. Mee 1940 am Alter vun dräi Joer mat hiren Eltere virun den Nazien. Hire Papp sollt kuerz drop a Frankräich stierwen. Nom Enn vum Zweete Weltkrich kënnt d’Colette mat hirer Mamm zeréck op Lëtzebuerg. Nom Meedercherslycée um Lampertsbierg kritt d’Colette eng Bourse a studéiert Ekonomie a Politik um Wellesley College an op der Fletcher School of Law and Diplomacy am Massachusetts an den USA.
1964 kritt d’Colette Flesch eng Plaz zu Bréissel am Generalsekretariat vum Ministerrot vun der deemoleger Europäescher Gemeinschaft. 1968, kuerz no hirer Participatioun un den Olympesche Spiller vu Mexiko, freet de Gaston Thorn si, fir mat an d’Chamberwalen ze goen. D’DP kënnt an d’Regierung an d’Colette gëtt Deputéiert um Krautmaart an och am Europaparlament.
1969 gëtt d’Colette Flesch Éischgewielte bei hiren éischte Gemengewalen a gëtt mat 32 Joer éischt Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg. Si bleift bal 11 Joer un der Spëtzt vum Knuedler, bis si de Gaston Thorn 1981 als Vizepremier an als Aussen-, Justiz- a Wirtschaftsminister an der Regierung ersetzt.
D’Colette Flesch wor 1976 déi éischte Generalsekretärin vun der DP, 1981 gëtt si éischte Presidentin vun der Partei.
Vun 1990 bis 1999 wor si Generaldirektesch vun de Beräicher Informatioun, Kommunikatioun, Kultur an Audiovisuelles bei der Europäescher Kommissioun.

Europaparlament zu Stroossbuerg, September 1979 (©️ European Union 1979 – EP)



