Fro
„An der Sëtzung vum 17. Juni 2025 vun der Schoulkommissioun huet de Vertrieder vum Ministère erkläert, datt MILA, d’Léiermaterial fir d’Alphabetiséierung op däitsch vun de Schoulkanner am Enseignement fondamental, ausleeft an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt.
Aus de Gespréicher mat Enseignanten ergëtt sech d’Bild, datt dësen Austausch net nëmmen domat ze dinn huet, datt de MILA mëttlerweil zënter September 2003 a Gebrauch ass, mee virun allem domat, datt nëmmen nach ongeféier 20 % vun de Schüler domat schaffen. Vill Enseignanten hunn den Androck, datt dëse Programm net méi adequat ass, a si entscheeden sech dowéinst fir Léiermëttel vun anere Verläg, wat jo och am Kader vun der Léiermëttelfräiheet am Enseignement fondamental méiglech ass.
An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir d’Educatioun, Kanner a Jugend follgend Froe stellen:
- Fir wéini ass d’Aféierung vum neie Léiermaterial virgesinn?
- Soll Däitsch am Kader vun dësem neie Programm als Éischtsprooch, als Bréckesprooch oder als Friemsprooch enseignéiert ginn?
- Wat sinn déi wichtegst didaktesch Neierungen, déi mat dësem neie Programm agefouert ginn?
- Ab wéini wäert dat néidegt Léiermaterial fir d’Enseignanten zur Verfügung stoen?
Wéini wäerten, am Zesummenhang mat dësem neie Programm, d‘Formatiounscoursë fir d’Enseignanten ulafen a wéi vill Stonne Formatioun si fir d‘Aschaffen an déi nei Didaktik an dat neit Léiermaterial virgesinn?“