Mir musse lėieren, mat der KI ëmzegoen

Gudde Mëtteg,

Hutt dir Iech schonn eemol gefrot:

Kann dee Schéinheetsfleck eng Kéier eng béisaarteg Tumeur ginn?

Kann ech haut scho wëssen, ob ech a fënnef Joer eventuell Broschtkriibs kréien an dat da besser am A  halen ?

Wéi kann ech selwer manner Energie gebrauchen an domadder richteg Sue spueren?

Oder wéi kann ech ganz séier en Text an eng aner Sprooch iwwersetzen? 

Op all déi Froe gëtt et eng gemeinsam Äntwert: 

D‘Kënschtlech Intelligenz.

Schonn haut hëllefe KI-Programmer beim ganz séiere Rechnen.

D’KI ka vill Dokumenter séier analyséieren an e Resumé dovunner maachen.

D’Leit kënnen haut scho mat Programmer, wéi ChatGPT, Gemini oder Co-Pilot Aarbechte schreiwen: Dir musst just Stéchwierder aginn an är Fro stellen, op déi der eng Äntwert sicht.  

Et kann een och z.B. e Libesgedicht schreiwe loossen. Ech hunn dat viru kuerzem fir eng Hochzäit gemaach:

Ech hunn ChatGPT eng Rei Informatioune ginn: wou d’Koppel sech kennegeléiert huet, hir gemeinsam Hobbyen a.s.w.? D’Gedicht war um Enn esou schéin, dass ech de Programm nom Auteur gefrot hunn. Den Auteur war d’KI.

Mee opgepasst: D’KI huet keng Moral a keng Ethik. Dofir muss d’Kontroll um Enn ëmmer beim Mënsch bleiwen. 

Fir mäi Budgetsrapport setzen ech de Fokus op d’kënschtlech Intelligenz: op d’Chancen, déi se ons als Bierger, mee och als Land bréngt. Mee och op d’Geforen, op déi mer mussen oppassen. 

Eent ass sécher: mer sollen a musse léieren, mat der KI ze liewen a se ze benotzen. D’Regierung muss an déi richteg Instrumenter, Betriber a Leit investéieren.

Stéchwierder, Date-Souveränitéit a Späichercapacitéit : wéi eng Prioritéite muss d’Regierung hunn, fir dass ons Daten ons gehéieren an dass ons Daten och bei ons sinn, zu Lëtzebuerg an an Europa. An net op engem amerikanesche Server? 

Propper Donnéeë sinn d’Gold vu muer! 

Propper heescht, dass d’Daten esou gesammelt ginn, dass d’KI se benotze kann.

Wéi eng Nische kënne fir ons als Land interessant sinn? An der Ekonomie, der Santé, der Defense.

An a wéi enge Beräicher ka Lëtzebuerg sech positionéieren a sougenannte „First Mover“ sinn?

D’kënschtlech Intelligenz ass eng grouss Erausfuerderung fir ons all.  Wa mer wëssen, wéi mer se benotze kënnen, da kann se eng grouss Chance sinn!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Gerechtegkeet fir all Elteren

An enger Question élargie an der Chamber huet d’DP-Deputéiert Corinne Cahen haut bei der Justizministesch nogefrot, wou d’Aarbechten um automateschen Unerkennungsrecht fir homoparental Koppelen am Kader vun der PMA (procréation médicalement assistée) dru sinn.

weiderliesen...

Besser Remuneratioun an der Arméi

Wéinst der ugespaanter internationaler Lag an den NATO-Verpflichtunge vu Lëtzebuerg gëtt den Effektiv vun eiser Arméi an deenen nächste Joren ausgebaut. Den DP-Deputéierte Marc Hansen huet haut zwee Gesetzestexter an der Chamber presentéiert.

weiderliesen...

Situatioun am Noen Osten

De President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Gusty Graas huet dësen Dënschdeg op d’Gefore vun engem Flächebrand higewisen, déi de Konflikt am Noen Oste ka mat sech bréngen.

weiderliesen...

Selbstbestëmmung, eng fundamental Fräiheet

„D’Biergerinnen an d’Bierger mussen drop vertraue kënnen, datt fundamental Rechter a Fräiheeten net vun enger Legislaturperiod op déi aner a Fro gestallt ginn“, huet d’DP-Presidentin Carole Hartmann bei den Debatten iwwer d’Aschreiwe vun der Libertéit op Avortement an der Chamber ënnerstrach.

weiderliesen...