Nationalen Aktiounsplang fir de Safeguarding

Fir e séchert Ëmfeld am Sport z’erhalen, schafft de Sportsminister un engem nationale Plang fir de „Safeguarding“, also dem Schutz vu Kanner a vulnerabele Persounen géint Gewalt a Mëssbrauch. Eis Deputéiert Mandy Minella mécht de Punkt iwwer den aktuellen Dossier a freet no der Ulafstell bei der ALAD, méigleche Statistiken, Formatiounen an Sensibiliséierungscampagnen.

Fro

„Safeguarding am Sport bedeit, Kanner, Jugendlecher an aner vulnerabel Persoune viru Mëssbrauch, Gewalt a Mobbing ze schützen. Et geet drëm, am Sport e séchert a respektvollt Ëmfeld ze garantéieren, wou all Participanten sech wuel fille kënnen. 

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro Nr. 408 vum Mäerz 2024 huet den Här Minister uginn, datt seng Servicer un engem nationale Plang fir Safeguarding am Sport schaffen an datt Gespréicher mat der ALAD am Gaang wieren, fir eng onofhängeg Ulafstell ze schafen, esou wéi et am Koalitiounsprogramm 2023-2028 festgehale gouf. An engem nächste Schrëtt hat den Här Minister am Kader vum Budget 2025 confirméiert, datt d’ALAD offiziell mat der Missioun beoptraagt gouf, d’Integritéit am Sport ze garantéieren.

Am Kader vun der Transparenz a fir d’Weiderverfollegung vun dësem wichtege Sujet wollt ech dem Här Sportminister follgend Froe stellen:

  1. Kann den Här Minister schonn eppes iwwert de Stand vum nationalen Aktiounsplang fir de Safeguarding soen? Wéini kéint mat enger offizieller Verëffentlechung respektiv der Ëmsetzung gerechent ginn?
  2. Gëtt et mëttlerweil eng Ulafstell bei der ALAD, déi konkret Fäll vu Mëssbrauch am Sport opfänkt a begleet? Falls jo, wéi gesäit d’Organisatioun dovun aus (Personal, Ressourcen, Missiounen)?
  3. Aktuell existéiere keng Statistiken oder Etuden, déi de Phenomen vu physeschen oder moraleschen Abusen am lëtzebuergesche Sportsecteur dokumentéieren. Ass geplangt, esou Donnéeën z’erhiewen?
  4. Gouf d’Sensibiliséierung an d’Formatioun vun Traineren zënter Mäerz 2024 konkretiséiert oder ausgebaut, besonnesch am Kontext vun der LUXQF3-Formatioun? 
  5. Hunn et zënterhier Sensibiliséierungscampagnë ginn, déi sech explizitt un d’Sportler*innen, Trainer*innen, Elteren oder Veräiner riichten? “

Äntwert

  1. Kann den Här Minister schonn eppes iwwert de Stand vum nationalen Aktiounsplang fir de Safeguarding soen? Wéini kéint mat enger offizieller Verëffentlechung respektiv der Ëmsetzung gerechent ginn?

D’Ausschaffe vun engem Aktiounsplang fir de Safeguarding ass eng vun den erweiderte Missiounen déi ALAD wäert kréien als onofhängeg Ulafstell fir d’Integritéit am Sport ze garantéieren.

  • Gëtt et mëttlerweil eng Ulafstell bei der ALAD, déi konkret Fäll vu Mëssbrauch am Sport opfänkt a begleet? Falls jo, wéi gesäit d’Organisatioun dovun aus (Personal, Ressourcen, Missiounen)?

D’Prozedure fir d’Missioune vun der ALAD ze erweideren an esou déi onofhängeg national Ulafstell ze gi, sinn am Gaang, awer nach net ofgeschloss.

  • Aktuell existéiere keng Statistiken oder Etuden, déi de Phenomen vu physeschen oder moraleschen Abusen am lëtzebuergesche Sportsecteur dokumentéieren. Ass geplangt, esou Donnéeën z’erhiewen?

Et ass effektiv eng Etüd an der Preparatioun iwwer d’Prevalenz vu Gewalt – esouwuel physesch, psychesch, sexuell oder Vernoléissegung – am Sport zu Lëtzebuerg. Dës Etude soll an Zesummenaarbecht mat engem professionellen Enquête Institut an international unerkannten Experten op dësem Gebitt duerchgefouert ginn.

  • Gouf d’Sensibiliséierung an d’Formatioun vun Traineren zënter Mäerz 2024 konkretiséiert oder ausgebaut, besonnesch am Kontext vun der LUXQF3-Formatioun?

D’Thema Safeguarding , mat engem Fokus op d’Kanner an déi Jugendlech, war an ass nach ëmmer Bestanddeel vun der Partie commune LUXQF3 Trainerformatioun.

  • Hunn et zënterhier Sensibiliséierungscampagnë ginn, déi sech explizitt un d’Sportler*innen,Trainer*innen, Elteren oder Veräiner riichten?

Eng Sensibiliséierungscampagne wäert et spéitstens da gi wann, déi uewe genannten offiziell Prozedure, bis ofgeschloss sinn an den Aktiounsplang bei der ALAD finaliséiert ass.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

D’Participatioune vum Staat

De liberalen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister gefrot wéi eng Participatiounen de lëtzebuerger Staat huet, wéi sech dës iwwer d’Zäit verännert hunn an wéi eng Stratégie dohannert stécht.

weiderliesen...

Keen Accès zu biologesche Resultater vun der LëtzHBM-Etüd ?

Bei der Etüd « LëtzHBM » vum LNS gi biologesch Prouwen an Ëmweltprouwen erhuewe fir d’Präsenz vu chemesche Substanzen doheem bei Privatpersoune festzestellen. D’Resultater vun de biologesche Prouwe ginn, anescht wéi vun den Ëmweltprouwe, ginn de Participanten net systematesch kommunizéiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot firwat dës Resultater net matgedeelt ginn an ob dat konform zum Dateschutzreglement ass.

weiderliesen...