Neie Site fir d’Bauverwaltung vu Clierf

Ass virgesinn fir den neie Site vun der Bauverwaltung nieft dem geplangte CGDIS zu Maarnech opzemaachen? Dës an nach weider Froen huet den DP Deputéierten André Bauler un den Här Bauteminister geriicht.

„An der Press goufe mer rezent gewuer, datt zu Maarnech en neien Zenter vun der Kategorie III vum CGDIS entstoe wäert. Dëse soll nieft d’Nationale 7, net wäit ewech vum neie Rond-point gebaut ginn. Och d’Bauverwaltung vu Clierf soll een neien Terrain am Kanton sichen fir hir divers Aktivitéiten z’organiséieren.

An deem Kontext wollt ech folgend Froen un der Här Bauteminister stellen:

  • Ass och virgesinn fir den neie Site vun der Bauverwaltung nieft dem geplangte CGDIS zu Maarnech opzemaachen?
  • Gouf dofir schonn en Terrain kaaft?
  • Gëtt et eventuell en Avant-projet fir dëse staatlechen Zerwiss?

Äntwert

Am Kader vun der Sich no engem Terrain fir d‘Stroossebauverwaltung vu Klierf, ass och de Site vun Maarnech a Betruecht gezunn ginn. Allerdéngs ass d’Fläch net grouss genuch fir och do een Neibau vun der Stroossebauverwaltung kënnen ze realiséieren.

Et gëtt zu dësem Zäitpunkt nach keen Avant-projet vun engem neie Bau fir d’Stroossebauverwaltung am Raum Klierf, well nach no engem gëeegenten Terrain gesicht gëtt.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Bleift déi pediatresch Garde um Kierchbierg weider assuréiert ?

De Gesondheetsministère an d’Spidolsfederatioun hu rezent eng Conventioun ënnerschriwwen fir d’Garden an d’Astreinten vun den Dokteren an de Spideeler z’indemniséieren. Den DP-Deputéierten Gilles Baum a Carole Hartmann ass zu Ouere komm, datt fir d’Pediatrie um Kierchbierg just eng Garde vrigesinn ass. Fir d’pediatresch Chirurgie ass keng Garde geplangt ginn. Dowéinst wollte si vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob d’Garde vun engem Kannerdokter eleng assuréiert ka ginn a wéi eventuell Problemer bei de Kapazitéiten geléist kënne ginn.

weiderliesen...
Santé et sécurité au travail

Wéi oft gouf géint d’Aarbechtsrecht verstouss ?

D’ITM krut an de leschte Joren nei Inspektere bäi, déi op de Chantieren an Aarbechtplazen Kontrollen duerchféieren. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu beim Aarbechtsminister ënnert anerem nogefrot, wéi oft géint d’Aarbechtsrecht verstouss gouf, wéi eng Secteuren betraff waren a wéi eng Sanktioune verhaange goufen.

weiderliesen...