Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer,
Fir d’Demokratesch Partei sinn Ëmwelt, Nohaltegkeet an déi gréng Transitioun keng abstrakt Konzepter. Neen, fir eis sinn dat Themen, bei deene konkret Léisunge gefuerdert sinn. An an dee Prozess solle méiglechst vill Säite mat agebonne ginn.
D’Drénglechkeet am Kampf géint de Klimawandel ass grouss. Op der COP30, der Konferenz vun de Vereenten Natiounen, kommen dës Woch Vertrieder vu bal 200 Länner beieneen, fir iwwert d’Klimakris ze beroden a weider Schrëtt am Kampf géint d‘Äerderwäermung festzehalen.
Mee och bei eis heiheem bleift nach vill ze dinn. Wéinst de weltwäite Krise muss eist Land méi onofhängeg ginn, virop bei der Energieversuergung. Och rezent Diskussioune ronderëm d’Lafzäit vu Cattenom hunn dëse Sujet nees verstäerkt op de Plang bruecht.
Ee Stéck vum Puzzle ass den Ausbau vun der Wandenergie hei zu Lëtzebuerg. Wandmille produzéiere Stroum, deen op kierztem Wee direkt bei de Stéit an der Ëmgéigend ukënnt. Als nohalteg Energiequell trëfft d’Wandkraaft hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi op Zousproch. Wou nach viru Joren eng gewësse Resistenz ze spiere war, mierkt een haut, dass de Wand gedréint huet.
Och d’Technik an der Wandenergie gëtt permanent verbessert, an domat klëmmt d’ Effikassitéit. D’Unzuel vu Wandmillen, déi gebraucht ginn, geet also weider erof.
Problemer ginn et awer z.B. bei de laange Prozeduren: do kann et scho mol virkommen, dass bis zu 10 Joer tëscht der Iddi an der Aweiung vun enger Wandmille verginn.
D’DP wëll déi Delaie verkierzen, dëst mat Hëllef vun engem adequate Kader, deen et eis erméiglecht, den Ausbau vun den erneierbaren Energië virunzedreiwen.
Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer,
Déi gréng Transitioun dierf kee Slogan sinn, bei deem d’Mënschen hei am Land rout gesinn. Den Ausbau vun enger nohalteger Energieversuergung ass eng absolut Noutwendegkeet: nëmme mat enger konsequenter Klimapolitik kënne mir méi onofhängeg ginn an eis Ëmwelt an engems laangfristeg schützen.



