Quartier um Kierchbierg als Virbild

JFK Sud ass e Wunnquartier um Kierchbierg, deen direkt vis-à-vis vum Europaparlament entsteet. Den abordabele Wunnraum ass dobäi eng vun de Prioritéiten. Hei wäerte mam Horizont 2029 iwwer 245 Logementer geschaf ginn, woubäi e groussen Deel fir abordabel Locatiounswunnengen an och e gudden Deel fir den erschwéngleche Verkaf virgesinn ass.

De Standuert vum Projet kéint net besser sinn: No u kulturellen Offeren a Geschäfter a mat engem idealen Zougang zur Mobilitéit, sief dat den Tram, de Funiculaire, d’Busser oder d’Vëlospisten. Mam JFK Sud entsteet e Wunnquartier, deen sech ideal an de modernen an dynamesche Charakter vum Kierchbierg abënnt, wéi de Rapporter vum Gesetzesprojet Patrick Goldschmidt haut an der Chamber betount huet.

Ausserdeem passt sech de Projet perfekt de Gegebenheete vum Quartier un ouni de Facteur Liewensqualitéit ze vergiessen. Am a ronderëm de Projet wäerten divers Gréngflächen an Nautelementer erëmzefanne sinn, an de Kär vum JFK Sud wäert net fir den Trafic accessibel sinn. Sou gëtt séchergestallt, datt d’Awunner hir Rou kënnen hunn an d’Natur kënne genéissen, obwuel si sech bei enger dynamescher a vill befuerener Strooss befannen.

Der Regierung läit et um Häerz, den erschwéngleche Wunnraum auszebauen. Mat Projete wei dësem gëtt engersäits d’Offer an d’Luucht gesat, an anerersäits d’Baubranche ënnerstëtzt, déi domat hir Aarbechter weider ka beschäftegen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Stëmm fir Recht a Solidaritéit

D’Fräiheet verdeedegen, Partnerschafte stäerken an d’Interessie vu Lëtzebuerg an enger onsécherer Welt vertrieden: Dat waren d’Schwéierpunkte vum Vize- an Ausseminister Xavier Bettel senger Deklaratioun zur Aussepolitik.

weiderliesen...

Am Dialog zu Munneref

D’Ministere Xavier Bettel a Lex Delles, souwéi d’Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum stoungen de Biergerinnen a Bierger de 27. Oktober 2026 Ried an Äntwert.

weiderliesen...