Rekrutéierungsbüro vun der Arméi soll a noer Zukunft zougemaach ginn?

D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hunn beim zoustännege Minister nogefrot, wat hannert de Rumeuren stécht, de Rekrutéierungsbüro vun der Arméi géif a noer Zukunft zougemaach ginn.

D’Lëtzebuerger Arméi huet hautdesdaags eng gréisser Unzuel un usprochsvollen  Aufgaben ze bewältegen. Nieft internationale Friddens- an Ausbildungmissiounen ass d‘Arméi och a Krisegebidder aktiv, an hëlleft ënner anerem am Fall vun Naturkatastrophen a vu Pandemien. Fir déi Panoplie u Missioune beschtméiglech ze garantéieren, spillt d’Rekrutéierung vun engagéierten Zaldoten eng primordial Roll. An deem Kontext ass eis zu Ouere komm, dass de Rekrutéierungsbüro vun der Arméi um Boulevard Royal an der Stad, deen zanter  September 2016 fonctionéiert, an noer Zukunft soll zougemaach ginn.

An deem Kader wollte mir dem Här Verdeedegungsminister folgend Froe stellen:

  1. Kann den Här Minister dës Informatioune bestätegen?
  2. Wa jo, wat sinn d’Grënn dofir?
  3. Ass geplangt, fir en neie Büro op enger anerer Plaz opzemaachen?
  4. Ass eng Rekrutéierungscampagne fir d’Arméi virgesinn, esou wéi dat  beim CGDIS a bei  der Police de Fall war?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wisou hunn d’Aktivitéite vun der ONG ‘Eng oppen Hand fir Malawi’ mussen agestallt ginn?

Joerzéngtelaange waren d’Schwëstere vun der Lëtzebuerger Zithaklinik am St. Gabriel Spidol am Malawi aktiv fir der lokaler Bevëlkerung esou gutt et geet eng medezinesch Grondversuergung ze erméiglechen. Enn Januar hunn si hir Aktivitéiten awer missen op Uerder vum Bëschof an ouni Virwarnung astellen an de Site verloossen. Bis haut gëtt et keng Explikatioun. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten informéiert.

weiderliesen...

Bleift déi pediatresch Garde um Kierchbierg weider assuréiert ?

De Gesondheetsministère an d’Spidolsfederatioun hu rezent eng Conventioun ënnerschriwwen fir d’Garden an d’Astreinten vun den Dokteren an de Spideeler z’indemniséieren. Den DP-Deputéierten Gilles Baum a Carole Hartmann ass zu Ouere komm, datt fir d’Pediatrie um Kierchbierg just eng Garde vrigesinn ass. Fir d’pediatresch Chirurgie ass keng Garde geplangt ginn. Dowéinst wollte si vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob d’Garde vun engem Kannerdokter eleng assuréiert ka ginn a wéi eventuell Problemer bei de Kapazitéiten geléist kënne ginn.

weiderliesen...