Restauréierung vum Ierpeldenger Schlass?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass d'Ierpeldenger Schlass, dat sech a Staatsbesëtz befënnt, als Monument national klasséiert gouf an deemnächst och restauréiert soll ginn. An deem Kader huet hie weider Informatioune vun den zoustännege Ministere gefrot.

« Depuis une dizaine d’années, la façade et les volets du château d’Erpeldange-sur-Sûre, immeuble appartenant au domaine de l’État, se trouvent dans un état délabré. Récemment je viens d’apprendre que cet édifice historique, dont les origines remontent au 17e siècle, aurait été classé monument national et qu‘il serait rénové dans un avenir proche.

Voilà pourquoi j’aimerais poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Culture et à Monsieur le Ministre de la Mobilité et des Travaux publics :

  • Madame et Monsieur les Ministres peuvent-ils confirmer la restauration projetée de la façade du château d‘Erpeldange-sur-Sûre ?
  • Dans l’affirmative, pour quand ces travaux seraient-ils programmés ?
  • Est-il prévu d’aménager les greniers du château pour y créer des bureaux et d’isoler la toiture ?
  • Quels autres travaux seront encore prévus dans ce contexte – outre la restauration de la façade ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Kee Remboursement méi fir dermatoskopesch Fotoen ?

Am Kader vun der Ënnersichung bei engem Hautdokter kënne Fotoe vu verdächtege Plazen op der Haut gemaach ginn, wou de Risiko besteet, datt sech Hautkriibs entwéckele kéint. Dem DP-Deputéierte Gusty Graas gouf elo zougedroen, datt dës Fotoen net méi vun der Krankekeess rembourséiert ginn. An enger parlamentarescher Fro un d’Gesondheetsministesch wëll de liberale Politiker ënnert anerem gewuer gi firwat dës Decisioun geholl gouf a wéi vill Patienten esou Fotoe beim Hautdokter an de leschte 5 Joer rembourséiert kruten.

weiderliesen...

Dréchent zu Lëtzebuerg

Am Mäerz huet et am Verglach zu de Jore virdrun extrem wéineg gereent sou dat d’Biedem aktuell relativ dréche sinn. Eis Deputéiert André Bauler a Luc Emering hunn nogefrot wéi d’Ministesch d’Lag hei zu Lëtzebuerg aschätzt an op verschidde Kulture Gefor lafe laangfristeg geschiedegt ze ginn.

weiderliesen...

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...