Retarde beim Traitement vun der Steiererklärung?

Verschidde Stéit waarden zanter Joren op de Recalcul vun der Steierverwaltung. Eis Deputéiert Corinne Cahen huet nogefrot wat d'Ursaache fir dës Retarde sinn a wéi de Finanzminister gedenkt fir dës an de Grëff ze kréien.

Et gi privat Stéit, déi zanter Joren op e Recalcul vun der Steierverwaltung waarden. Bei Nofro an hirem Steierbureau kréien si gesot, dass elo mol d’Steiererklärung vun 2020 géing traitéiert ginn. Deemno waarden si op hier Steiererklärunge vun de leschten 3 Joer, obwuel se hier Steiererklärung ëmmer an den Delaien ofginn hunn.

An deem Kader wollte mir dem Här Finanzminister follgend Froe stellen:

  • Ginn et Statistiken, wéi vill Steiererklärunge vu private Stéit vun 2020, 2021 an 2022 nach ze traitéiere sinn?
  • Ginn et geographesch Ënnerscheeder?
  • U wat läit et, dass verschidde Steierbureauen esou eng grouss Verspéidung hunn?
  • Ginn et Steierbureauen, an deenen d’Verspéidunge besonnesch grouss sinn, respektiv ginn et Steierbureauen, déi d’Steiererklärungen an Zäit vun e puer Wochen, nodeems se erakommen, behandelen? Wa jo, wéi eng Steierbureauen hu besonnesch vill Verspéidung?
  • Wat kënnen d’Bierger maachen, fir hier Steiererklärung méi séier traitéiert ze kréien?
  • Gëtt d‘Personalkapazitéit reegelméisseg adaptéiert fir eventuelle Retarden entgéint ze wierken. Wéi huet dës Zuel iwwer déi lescht  zwee Joer evoluéiert  ?
  • Wat gedenkt den Här Minister nach ze maachen, fir dës Retarden an de Grëff ze kréien ?’’

Äntwert

D’Ausso « dass elo mol d’Steiererklärung vun 2020 géing traitéiert ginn » ass an dem Sënn an de Kontext ze setzen, dat, bedéngt duerch d’Verjärungsdauer vu 5 Joer, déi an der Abgabenordnung (AO) festgehalen ass, d’Steierbüroen aktuell, déi nach net besteiert Dossiere vum Steierjoer 2020 solle primär instruéieren an esou séier ewéi méiglech besteieren, fir dem Receveur déi néideg Zäit ze ginn eventuell Steierscholden anzedreiwen.  

Naerlech limitéiert sech de Steierbüro net nëmmen op besoten Dossieren, mä besteiert parallel déi aktuell Steierjoren.

D’Situaoun vun de net besteierten immatrikuléierten Dossieren huet an de leschten zwee Joer wéi follegt evoluéiert :

Bei de verschidden agetruedene Verspéidunge kënne méi Facteuren, ewéi zum Beispill d’Komplexitéit vum Dossier, an awer och de Moment vum Erareeche vun der Deklaraoun, respekv d’Kooperaoun vum Steierflichtege bei der Instrukoun eng Roll spillen. Et ass hei och drun z’erënneren, dat zanter dem Steierjoer 2022 den Delai fir d’Erareeche vun de Steiererklärunge vum 31. Mäerz op den 31. Dezember no hanne geréckelt ginn ass.

Aktuell si keng gréisser geographesch oder steierbürobezunnen Ënnerscheeder bekannt.

Prinzipiell traitéieren d’Agente vun de Steierbüroen déi Deklaraounen an der Reiefolleg, wéi se deposéiert ginn. Naerlech ass jeeweils den Inhalt an d’Qualitéit vun den Deklaraounen ausschlaggebend, wéi séier eng Besteierung ka gemaach ginn.  

D’Steierverwaltung iwwerpréi och konstant d’Evoluoun vun de Steierdossieren, esou wéi vum Personal an de Steierbüroen an ënnerhëlt reegelméisseg déi néideg Adaptaounen. Rezent rekrutéiert d’Steierverwaltung och verstäerkt fir esou den Ufuerderungen nach besser gerecht ze ginn. An dësem Kader ass och z’ernimmen, dat dem Steierflichtegen zanter dem Steierjoer 2021 en digitalen Assistent MyGuichet.lu zur Verfügung steet, fir d’Steiererklärung integral iwwert den informatesche Wee ze deposéieren.  

Des Weideren ass d’Steierverwaltung och beméit den digitale Prozess weider ze féieren an huet esou de 16. Januar 2025 engersäits d’Virausfëllen vun der Steiererklärung, ewéi eng vereinfacht Steiererklärung virgestallt, fir dem Bierger déi steierlech Demarchen ze vereinfachen.  

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...