Sinn nom Reamenagement vun der N12 am Préizerdaul weider Reparaturaarbechte néideg?

No der Erneierung vun der N12 am Préizerdaul an de leschte Joren, stellt sech raus dass dës Strooss op verschiddene Plazen trotzdeem an engem schlechten Zoustand ass. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, ob virgesinn ass, op dëse Plazen zousätzlech Reparaturaarbechten duerchféieren ze loossen.

D‘Traversée duerch de Préizerdaul (N12) ass an de leschte Joeren erneiert ginn. Et stellt sech elo eraus, datt en Deel vun dëser Duerchgangsstrooss am Ausgang vu Platen, eng vun den Uertschaften aus der Gemeng Préizerdaul, an engem schlechten Zoustand ass. Effektiv schéngt den Ënnergrond respektiv d’Fondatioun vun dëser Strooss plazeweis agesackt ze sinn.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  1. Wéini gouf de Belag an den Ënnergrond vun dësem Tronçon erneiert? Ass also nach Garantie op dësem Deel? Ass de Schued schonn estiméiert ginn?
  2. Envisagéiert de Ministère op dësem Streckenofschnëtt Reparatur- oder Erneierungsaarbechten duerchféieren ze loossen?“

Äntwert

Déi lescht gréisser Aarbechten an der Uertsduerchfaart vum Préizerdaul (N12) goufen an 3 Lousen duerchgefouert. D’Lousen 1 an 2 konnten 2011 respektiv 2013 ausgefouert ginn. D’Aarbechte vum Lous 3 goufe wéinst groussen Investitiounskäschten um Leitungsnetz, zesumme mat der Gemeng op 2026 reportéiert. Dobäi ass ze erwänen, dass all d’Aarbechte vun der Neigestaltung vun der Uertsduerchfaart viséiere fir d’Vitess vum Duerchgangsverkéier ze reduzéieren a sou d’Sécherheet op de betraffene Streckenofschnëtter ze erhéijen.

Betreffend dem vum honorabelen Deputéierten erwäänten Streckenofschnëtt am Ausgang vu Platen, ass envisagéiert Erneierungsaarbechten um Stroossenopbau duerchzeféieren, fir an Zukunft esou Asackungen ze vermeiden. De Projet fir dës Aarbechten ze exekutéiere gëtt am Moment vun der Stroossebauverwaltung ausgeschafft.

Well awer d’Méiglechkeete fir den ëffentleche Verkéier wärend den Aarbechten um concernéierte Streckenofschnëtt ëmzeleede begrenzt sinn a well zudeem d’Gemeng an enger Säitestrooss (d’rue Fontaine, déi als Ëmleedunge genotzt kéint ginn) deemnächst een eegene Projet ëmsetzt, kennen d’Erneierungsaarbechten um Stroosenopbau réischt Ufanks 2023 ausgefouert ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...

Zweeten Intervenant an A-EBS am Cycle 1 vum Grondschoulunterrecht

Fir eng besser pedagogesch Differenzéierung a méi Chancë vu Ufank un ze garantéieren, gesäit de Koalitiounsprogramm en zweeten Intervenant am Cycle 1 vir. Och am Kader vum Projet Alpha kéint dësen Intervenant eng wichteg Roll spillen, besonnesch bei der phonetescher Virbereedung vun de Kanner. Zousätzlech si sougenannte A-EBS geplangt, déi d’Enseignanten ënnerstëtze sollen. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino hu beim Educatiounsminister nogefrot, wéi wäit dës Initiativen fortgeschratt sinn a wéi de Kalenner ausgesäit.

weiderliesen...

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...