Sollt de « Plan Canicule » iwwerschafft ginn ?

Am Hannergrond vun den neie Recommandatioune vum däitsche Gesondheetsminister fir Klinicken a Fleegeheemer besser op Hëtztwellen ze preparéieren, hunn d’DP-Deputéiert André Bauler an den Dr Gérard Schockmel bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob och de « Plan Canicule » hei zu Lëtzebuerg misst adaptéiert ginn.

Fro

Den däitsche Gesondheetsminister huet rezent Recommandatioune virgeluecht, fir Klinicken a Fleegeariichtungen besser op Hëtztwelle virzebereeden. Mat zouhuelendem Klimawandel wäert d’Hëtzt lues a lues zu engem bestännege Problem am Summer ginn. Dat verlaangt, datt een sech op dës Erausfuerderung virbereet, fir Patienten an eeler Leit sou gutt wéi méiglech ze schützen.

Virun deem Hannergrond wollte mir der Madamm Gesondheetsministesch follgend Froe stellen: 

  • Wéi gesäit de Moment d’Strategie vum Gesondheetsministère aus, fir d’Leit an de Klinicken an an de Fleegeariichtunge viru steigenden Temperaturen am Summer beschtméiglech ze protegéieren? Wat ass do déi konkret Virgoensweis?
  • Ass den aktuelle „Plan Canicule“ nach „up to date“ oder gëtt dru geduecht fir en an noer Zukunft ze iwwerschaffen?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...

Zweeten Intervenant an A-EBS am Cycle 1 vum Grondschoulunterrecht

Fir eng besser pedagogesch Differenzéierung a méi Chancë vu Ufank un ze garantéieren, gesäit de Koalitiounsprogramm en zweeten Intervenant am Cycle 1 vir. Och am Kader vum Projet Alpha kéint dësen Intervenant eng wichteg Roll spillen, besonnesch bei der phonetescher Virbereedung vun de Kanner. Zousätzlech si sougenannte A-EBS geplangt, déi d’Enseignanten ënnerstëtze sollen. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino hu beim Educatiounsminister nogefrot, wéi wäit dës Initiativen fortgeschratt sinn a wéi de Kalenner ausgesäit.

weiderliesen...

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...