Sozialdialog: en Tromp fir Lëtzebuerg

Kuerz virum Dag vun der Aarbecht, wëll ech iech haut vun eppes schwätzen, wat der DP a mir als neier Presidentin vun der DP besonnesch um Häerz läit.

De Sozialdialog: Vun 1974 u war d’DP-geféiert Regierung ënnert dem Gaston Thorn mat enger eemoleger Stolkris confrontéiert, déi Lëtzebuerg a senge Fundamenter getraff huet. Dat war zu enger Zäit, wéi eise Räichtum an zegdausenden Aarbechtsplazen haaptsächlech vun der Gesondheet vun der ARBED ofgehaangen hunn.

Et ass an esou Krisen, wou d’DP nach ëmmer am Sënn vum Land a vu senge Biergerinnen a Bierger gehandelt huet. An zwar zesumme mat den anere Parteien, mam Patronat a mat de Syndikater. Mir wësse vu wat mer schwätzen, well et ware virun allem de Gaston Thorn an de Wirtschaftsminister Marcel Mart, déi deemools d’Tripartite geschafen hunn. De sougenannte Lëtzebuerger Modell huet zanterhier de gesellschaftlechen Zesummenhalt hei am Land – och a besonnesch a Krisenzäiten – garantéiert. Dat ass een Tromp, dee mir net dierfen aus der Hand ginn. 

D’DP huet och méi rezent gewisen, datt si op den Austausch setzt, fir d’Land aus Krisen eraus weider no vir ze bréngen. Ënnert dem Premier Xavier Bettel huet d’Regierung d’Land  duerch d’Corona- -an nom Iwwerfall vun der Ukrain – duerch d’Flüchtlingskris an d’Energiekris gefouert. Dat war net einfach an huet Engagement a couragéiert Decisioune gebraucht: Fir d’Schoulen an der Pandemie erëm méi fréi ewéi an anere Länner opzemaachen, fir eis Gesellschaft an eis Wirtschaft dono erëm op Trapp ze bréngen, fir d’Inflatioun an d’Präisdeierecht nom éischte Krich an Europa zanter Joerzéngten erëm an de Grëff ze kréien. Haut wësse mer, datt mer richteg gehandelt hunn. Mir hunn eis mam Patronat a mat de Gewerkschaften zesummegesat a Léisungen op den Dësch geluecht.

Ënnert dem Lead vun enger DP, déi wosst, datt et ëm d’Zukunft geet. Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer, d’DP weess, datt eist Land nëmme ka staark sinn, wa mir zesummenhalen. An esou wëlle mir och virufueren am Sozialdialog a mam Lëtzebuerger Modell.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Staark Familljen. Staark Kanner.

D’DP setzt iwwert déi nächst Joren eng Reform ëm, déi d’Realitéit vun eiser Gesellschaft vun haut erëmspigelt. Dir hat d’Erklärungen dës Woch an ärer Bréifboîte. Hei fannt dir eisen Depliant an anere Sproochen a weider Dokumenter mat detailléierten Informatiounen.

weiderliesen...

Liewen zu Lëtzebuerg muss bezuelbar bleiwen

An der Tribune Libre vun der DP schwätzt d’Barbara Agostino iwwer d’Volete Famill a Kannerbetreiung vum Mesurëpak vun der Regierung. D’DP-Deputéiert geet op déi modern a sozial Moossnamen an, déi d’Zukunfsperspektiven zu Lëtzebuerg besser maachen – och an zemol fir déi jonk Generatioun.

weiderliesen...