SportFabrik zu Déifferdeng

Nom Héichwaasser am Summer 2023 gouf d’SportFabrik zu Déifferdeng, wou och de LIHPS sengem Sëtz huet, zum Deel beschiedegt an d’Geräter mussten ausgelagert ginn. Eis Deputéiert Mandy Minella freet no der aktueller Funktiounsfäegkeet vum Gebai, dem Ausmooss vum Schued an de Mesuren, déi fir zukünfteg Schutz geholl goufen.

Fro

„Am Summer 2023 gouf d’SportFabrik zu Déifferdeng, déi 2022 offiziell ageweit gouf an ënner anerem dem Luxembourg Institute for High Performance in Sports (LIHPS) als Sëtz déngt, vum Héichwaasser betraff. Deemno goufen eng Rei vu Geräter provisoresch an den éischte Stack verluecht, Deeler vun der Infrastruktur, dorënner besonnesch Testapparater an anert Equipement vum Laboratoire, goufen deels schwéier beschiedegt. Et ass bekannt, datt Moossnamen ergraff goufen, fir d’Ausmooss vum Schued festzestellen an zukünfteg Schied duerch Héichwaasser ze verhënneren.

An deem Kader wollt ech dem Här Sportminister follgend Froe stellen:

  1. Ass d’SportFabrik zu Déifferdeng aktuell erëm voll funktiounsfäeg a fir all Aktivitéite benotzbar?
  2. Wa jo, zënter wéini ass dat de Fall? A wann nee, wéini gëtt domat gerechent?
  3. Wéi eng konkret Schied goufen am Summer 2023 festgestallt (materiell a finanziell)?
  4. Wat fir Schrëtt goufe mëttlerweil ënnerholl, fir d’SportFabrik virun zukünftegen Héichwaasserbedrohungen ze schützen?“

Äntwert

  1. Ass d’SportFabrik zu Déifferdeng aktuell erëm voll funktiounsfäeg a fir all Aktivitéite benotzbar?

Aktuell ass d’SportFabrik nach net voll funktiounsfäeg. Allerdéngs  profitéieren d’Elittesportler weiderhi vum temporäre Laboratoire um 1. Stack, den zënter dem 29. November 2023 operationell ass. Verschidden Equipementer goufen aus organisatoresche Grënn scho vum 1. Stack zeréck an de grousse Laboratoire oder an anere Räim transportéiert.

Et ass weiderhi méiglech, Basis-Tester zur Bestëmmung vun allgemenge

Leeschtungsparameter vun Elittesportler a verschidden Tester fir d‘Verletzungspreventioun an de sougenannte „return-to-sport“ no schwéiere Verletzungen duerchzeféieren.

  1. Wa jo, zënter wéini ass dat de Fall? A wann nee, wéini gëtt domat gerechent?

No den aktuelle Previsioune sollen déi baulech Reparature vum Laboratoire Enn Juni 2025 ofgeschloss sinn. Och wann déi sougenannte Kraaftmiessplakken zur Miessung vun de Buedemkräfte bis dohin nach net alleguer wäerte reparéiert a geliwwert sinn, erlaabt déi zu dem Zäitpunkt disponibel Konfiguratioun et, de Laboratoire fir eng grouss Majoritéit vun den Tester erëm vollstänneg a Betrib ze huelen.

  1. Wéi eng konkret Schied goufen am Summer 2023 festgestallt (materiell a finanziell)?

Am Summer 2023 gouf den Tëschebuedem vum Laboratoire (“faux plancher technique“) komplett iwwerschwemmt, wouduerch beim techneschen Equipement besonnesch déi sougenannte Kraaftmiessplakken, déi elektronesch Verkablung vun den Equipementer an d’Hydraulik vum spezialiséierte Lafband schwéier bis irreparabel beschiedegt goufen.

A baulecher Hisiicht war virun allem de Sportbuedem betraff an ass trotz Dréchnungsmoossnamen Schimmel an de Gippswänn an am Isolatiounsmaterial opgetrueden.

Nom aktuelle Stand wäerten d’Reparature vum Laboratoire ronn 1.100.000 EUR an d’Ariichtung vum temporäre Laboratoire mat den net beschiedegten Equipementer ronn 44.000 EUR kaschten.

  1. Wat fir Schrëtt goufe mëttlerweil ënnerholl, fir d’SportFabrik virun zukünftegen Héichwaasserbedrohungen ze schützen?

Et besteet um Site vun der SportFabrik kee Risiko vun Héichwaasser. De Schued ass entstanen duerch eng Baustell, déi entretemps ofgeschloss ass.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...

Zweeten Intervenant an A-EBS am Cycle 1 vum Grondschoulunterrecht

Fir eng besser pedagogesch Differenzéierung a méi Chancë vu Ufank un ze garantéieren, gesäit de Koalitiounsprogramm en zweeten Intervenant am Cycle 1 vir. Och am Kader vum Projet Alpha kéint dësen Intervenant eng wichteg Roll spillen, besonnesch bei der phonetescher Virbereedung vun de Kanner. Zousätzlech si sougenannte A-EBS geplangt, déi d’Enseignanten ënnerstëtze sollen. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino hu beim Educatiounsminister nogefrot, wéi wäit dës Initiativen fortgeschratt sinn a wéi de Kalenner ausgesäit.

weiderliesen...

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...