Stage an der DP-Fraktioun

Du bass Schüler oder Student?

Du muss e praktesche Stage am Kader vun denger Ausbildung maachen oder du wëlls eng éischt Beruffserfarung an denger Vakanz sammelen?

Da mell dech elo fir e Stage an der DP-Fraktioun!

Mir sinn eng jonk Ekipp a bei eis kanns du d’Aarbecht an der Chamber hautno materliewen.

Mir bidden dir eng interessant an ofwiesslungsräich Aarbecht, eng Pai, déi denger Ausbildung ugepasst ass, an eng Zertifizéierung mat konstruktivem Feedback zu denger geleeschter Aarbecht.

Du bass interesséiert? Da schreiw eis:

Community - Firwaat een Stage bei der DP?