Stëmmt et, datt d’Weelzer Klinick an eng Dagesklinick ëmgewandelt gëtt?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, datt d’Klinick zu Wolz an eng Dagesklinick ëmgewandelt soll ginn. An enger parlamentarescher Fro, wollt den Norddeputéierten dowéinst vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi d’Konzept vun dëser Dagesklinick soll ausgesinn, wat dat fir den Urgencendéngscht vun der Weelzer Klinick bedeit an ob dat een Impakt op den Ettelbrécker Site vum Centre Hospitalier du Nord wäert hunn.

Fro

„Am Norde vum Land assuréieren just zwee Sitten vum Centre Hospitalier du Nord d’Gesondheetsversuergung vun de Bierger. Elo ass mir zu Ouere komm, datt d’Klinick zu Wolz an eng Dagesklinick soll ëmgewandelt ginn.

Dofir wollt ech der Madamm Gesondheetsministesch folgend Froe stellen:

  • Ass d’Madamm Ministesch informéiert iwwer d’Ännerungen, déi d’Weelzer Klinick solle betreffen? Wa jo, wéi soll d’Konzept vun esou enger Dagesklinick ausgesinn?
  • Wat géif d’Schafung vun enger Dagesklinick fir den Urgencendéngscht an der Weelzer Klinick bedeiten? Wäert dee weider oprecht erhale kënne ginn?
  • Wéi gesäit d’Madamm Minister d’Zukunft vun der Weelzer Klinick? Wat muss ënnerholl ginn fir datt dee beschtméiglechen Zerwiss um Klinickstanduert Wolz am Déngscht vun de Patienten aus dem ländleche Raum garantéiert ka bleiwen?
  • Wéi een Impakt wäert d’Ëmwandlung vun der Weelzer Klinick an eng Dagesklinick op den Ettelbrécker Site vum Centre Hospitalier du Nord hunn?“

Äntwert

Ass d’Madamm Ministesch informéiert iwwer d’Ännerungen, déi d’Weelzer Klinick solle betreffen? Wa jo, wéi soll d’Konzept vun esou enger Dagesklinick ausgesinn?

Den Gesondheetsministère huet keng Informatiounen iwwert Aennerungen am Bezuch op d‘Fro vum honorablen Deputéierten. Wann Aennerungen géifen kommen missten déi am Rahmen vum Spidolsgesetz an den Autorisatiounen vun den Services hospitaliers ugefrot gin an autoriséiert gin.

Am Senn vun engem effizienten Bedreiwen vun den stationären Better am Bereich Chirurgie ass um Site Wolz niewend dem Hôpital de jour mat 10 Plazen d’Unité stationnaire vun Méindes bis Freides op.

Wat géif d’Schafung vun enger Dagesklinick fir den Urgencendéngscht an der Weelzer Klinick bedeiten? Wäert dee weider oprecht erhale kënne ginn?

D’Poliklinik um site Wolz ass all Dag vun 7 bis 19h, och Weekend an Feierdeeg, fir ambulant Patienten op.

Wéi gesäit d’Madamm Minister d’Zukunft vun der Weelzer Klinick? Wat muss ënnerholl ginn fir datt dee beschtméiglechen Zerwiss um Klinickstanduert Wolz am Déngscht vun de Patienten aus dem ländleche Raum garantéiert ka bleiwen?

Am Senn vun enger optimaler medizinescher Versuergung vun der Bevölkerung ass et dem Gesondheetsminister wichteg dass d’Verdeelung vun den Servicer um Site Ettelbreck an Site Wolz effizient organiséiert ass an dass d’Komplementaritéit teschend den zwee Servicer souwuel am Senn vun der Secherheet vum Patient wéi och der Organisation vun der Prise en charge médicale an soignante beschtméiglech réaliséiert gett.

Wéi een Impakt wäert d’Ëmwandlung vun der Weelzer Klinick an eng Dagesklinick op den Ettelbrécker Site vum Centre Hospitalier du Nord hunn?“ Wéi an der Fro 1 beschriwwen ass dem Gesondheetsminister keen Projet an deem Senn ennerbreet gin.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...

Zweeten Intervenant an A-EBS am Cycle 1 vum Grondschoulunterrecht

Fir eng besser pedagogesch Differenzéierung a méi Chancë vu Ufank un ze garantéieren, gesäit de Koalitiounsprogramm en zweeten Intervenant am Cycle 1 vir. Och am Kader vum Projet Alpha kéint dësen Intervenant eng wichteg Roll spillen, besonnesch bei der phonetescher Virbereedung vun de Kanner. Zousätzlech si sougenannte A-EBS geplangt, déi d’Enseignanten ënnerstëtze sollen. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino hu beim Educatiounsminister nogefrot, wéi wäit dës Initiativen fortgeschratt sinn a wéi de Kalenner ausgesäit.

weiderliesen...

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...