Tripartite: Am Geescht vum Dialog

Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer,

Et sinn elo gutt zwee Méint hier, datt d’USA an Israel den Iran ugegraff hunn. Attacken ouni UNO-Mandat, déi ganz kritesch vun der internationaler Gemeinschaft opgeholl gi sinn.

Antëscht begréisse mir an Europa a soss uechter d’Welt wuel déi éischt, zaghaft Friddensverhandlungen, ma mir sinn och mat den ekonomesche Suitte vun den Ausenanersetzunge confrontéiert.

Stéchwuert: Strooss vun Hormus, duerch déi ee Véirel vum weltwäiten Ueleg an en essentiellen Deel vum Flësseggas transitéieren. Mat sengem Blocage huet den Iran et fäerdeg bruecht, déi ganz Welt mat anzebezéien.

E ganz groussen Deel vun eiser Energieversuergung steet den Ament am Stau. D’Konsequenz: d’Energiepräisser klammen, natierlech och zu Lëtzebuerg. De Réiueleg, d’Basis vun eiser Mobilitéit, eiser Industrie an deels och vun eiser Landwirtschaft, steet ënner Drock. Dat gëtt deier, fir eis Entreprisen a fir eis Stéit.

En Enn vun deem Schock ass net direkt a Siicht. Well och wann d’Situatioun sech erëm berouegt, brauch d’Wirtschaft nees eng Ulafzäit, bleiwe Verzögerungen an de globaliséierte Liwwerketten.

Eist Land ass staark op Importer ugewisen. Dat mécht eis extra ufälleg fir esou Entwécklunge mat hiren Auswierkungen: och op d’Kompetitivitéit, op d’Kafkraaft, op d’Präisdeierecht an op den Aarbechtsmaart.

Dofir begréisst d’DP d’Aberuffe vun enger Tripartite, fir Géigemoossnamen ze huelen. Dat ass eng noutwenneg Reaktioun op eng komplex Situatioun, an där déi verantwortlech Acteure Responsabilitéit iwwerhuelen an zesummen no vir kucken.  

Hei zu Lëtzebuerg hate mir eis Hausaufgabe gemaach : Mat der Initiativ Einfach-Séier-Erneierbar huet den Energieminister 51 Mesuren op de Wee bruecht, fir Prozeduren ze vereinfachen an eis Versuergung méi resilient ze maachen. Och hu mir d’Netzkäschte mat enger Finanzsprëtz versuergt, déi d’Käschte fir Betriber a Leit gedréckt huet. Lëtzebuerg brauch awer zousätzlech Äntwerten op d’Problemer, déi sech stellen. D’Tripartite ass de richtege Wee, fir am Dialog mat de Sozialpartner dorobber hinzeschaffen.

Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer,

De Geescht vum Dialog, deen d’DP ëmmer ënnerstëtzt huet, ass genee dat, wat mir elo brauchen. Ech sinn optimistesch, datt mir am Kader vun deene Gespréicher wäerte gemeinsam Léisungen am Interessi vun alle Biergerinnen a Bierger a vun der Industrie an eisem Land fannen. Am Sënn vun enger stabiller a responsabeler Entwécklung vu Lëtzebuerg.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm finanziell Hëllef fir Betriber, d’Roll vum Staat an der Economie an d’Wichtegkeet vun enger kritescher Kulturzeen.

weiderliesen...

Politik gräifbar maachen a präsent sinn

De President vun der DP Süde Marc Meyer huet de Sonndeg, 10. Mee 2026 um Bezierkskongress am Beetebuerger Schlass vun Zesummenhalt a Kollegialitéit geschwat, awer och vu Visibilitéit a vu Kommunikatioun, ouni déi Politik net méiglech wier.

weiderliesen...

Networking mat Schwong

Jonk Demokraten an DP-Memberen ënner 35 Joer hu sech am Strike um Houwald bei engem Patt an engem gudde Maufel besser kennegeléiert a bei Bowling, Darts a Co. eng flott Zäit zesumme verbruecht.

weiderliesen...