kuh

Wat fir Konsequenzen huet d’Präisshausse vun de Mëllechproduiten?

Fir dëse Summer gëtt sech eng Präishausse bei de Mëllechproduiten erwaart. D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot wat d’Ursaache vun dëser Hausse sinn an ob d’Baueren iwwerhaapt dovunner profitéiere wäerten?

„An der Presse konnt ee kierzlech liesen, datt sech fir dëse Summer eng staark Präishausse vun de d’Mëllechproduite erwaart gëtt.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:

  1. Wéi vill Prozent vun der Mëllech déi hei verkaf gëtt, gëtt zu Lëtzebuerg produzéiert (opgedeelt a konventionell a Biomëllech)?
  2. Wéi vill Prozent vun der Mëllech déi hei produzéiert gëtt, gëtt an d’Ausland exportéiert (opgedeelt a konventionell a Biomëllech)?
  3. Wat sinn d’Ursaachen vun der erwaarte Präishausse bei de Mëllechproduiten?
  4. Wéi vill kritt de Bauer momentan fir 1 Liter Mëllech (opgedeelt a konventionell a Biomëllech)?
  5. Wäerten d’Baueren och vun dëser Präisshausse profitéieren?
  6. Kann ee fäerten, datt wann d’Präisser vun de Mëllechproduite klammen, d’Consommatioun erofgoe wäert?“

Äntwert

     Am Joer 2021 gouf méi wéi d’Hallschent vun der nationaler Produktioun vu Koumëllech als Frëschmëllech vum Haff oder als ontransforméiert Frëschmëllech exportéiert.

     D’Filière vun der BIO-Mëllech kennt änlech Maartproblemer wéi de konventionelle Mëllechsektor. Staark Konkurrenz vu präisgënschtegen auslännesche Mëllechprodukter bei eis um Maart an op der anerer Säit héich administrativ Hürden an eisen Nopeschlänner, fir BIO Frëschmëllech vun eise Molkereien exportéieren ze kënnen bis hin zur Schléissung vum Maart fir BIO-Mëllech.

     Desen Tableau vum STATEC gëtt eng Iwwersiicht iwwert d’Evolutioun di lécht Joren vun den Exporter vu Lëtzebuerger Mëllech (konventionell a Biomëllech) vum Libellé Lait et crème de lait, non-concentrés ni additionnés de sucre ou d’autres édulcorants, en Valeur (1000 €), en Volume (kg) an Valeur Unitaire (€/kg).

     D‘Molkereien sin den Ament staark betraff vun de méi héijen Energiekäschten, awer och d’Verpakungskäschte si méi deier ginn. D‘Loun- an aner Niewekäschten droen och nach zu méi héijen Ausgabe bäi. Als Genossenschafte wëssen d‘Molkereien natierlech och gutt Bescheed, datt Dünger- a Fudderkäschten, fir nëmmen déi wichtegst ze nennen, op de Bauerebetriber staark geklomme sinn, a si mussen de Produzenten deemno och méi bezuele fir dat déi weider produzéiere kënnen. Dat alles zesumme mécht, datt d’Mëllechproduiten och musse méi deier ugebuede ginn.

     Di detailléiert Ausbezuelungspräisser vun der Molkerei un de Bauer ginn um Internetportal vum Landwirtschaftsministère publizéiert. Den duerchschnëttleche Mëllechpräis (konventionell a BIO zesummen) ouni TVA louch de Mee bei 47,97 € ct pro kg Mëllech. Dee Präis kéint de Juni op iwwer 49ct/kg klammen.

     Den duerchschnëttleche Mëllechpräis fir BIOMËLLECH ouni TVA louch de Mee bei 48,93 € ct pro kg Mëllech.

Monatliche Milchstatistik – Agrarstatistik – Landwirtschaftsportal – Luxembourg (public.lu)

     Momentan gesäit et ganz duerno aus, datt den Ausbezuelungspräis vun der Molkerei un de Bauer weider klëmmt. Di monatlech Publikatioun vun dëse Präisser um Internetportal vum Landwirschaftsministère erméiglecht et, den aktuelle Stand vun der Entwécklung ze verfollegen.

     Monatliche Milchstatistik – Agrarstatistik – Landwirtschaftsportal – Luxembourg (public.lu)

     Duerch di staark gestiege Präisser vun de Produktiounsmëttel wéi Energie, Fuddermëttel an och Dünger klammen d’Käschte fir d’Produktioun vun der Mëllech och staark un. Op d’Bauere lo profitéiere wäerten oder op d’Haussen op der Mëllech net duerginn, fir di gestiege Produktiounskäschten ze decken, ka richt um Enn vum Geschäftsjoer jeeweils järlech beurteelt ginn.

     Et ass den Ament nach ze fréi fir Schlussfollgerungen ze zéien wéi eng Konsequenzen d’Deierecht vun de Mëllechproduiten op d’Consommatioun wärten hunn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wäert Europa deemnächst méi séier handele kënnen?

Op Initiativ vun Däitschland hunn sech 10 europäesch Memberstaate an engem ‘Frëndeskrees’ zesummegedoen, fir Entscheedunge mat enger qualifizéierter Majoritéit ze promovéieren. Och Lëtzebuerg ass Deel vun dësem Grupp. Wat ass den Impakt heivun an Europa? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei Ausseministère nogefrot.

weiderliesen...

Ass de Grupp Wagner eng Terrororganisatioun ?

De 9. Mee huet déi franséisch Assemblée générale an enger Resolutioun dozou opgefuerdert, de Grupp Wagner an d’Lescht vun den Terrororganisatiounen opzehuelen. Wéi steet eisen Ausseministère zu dëser Demande ? Wäert Lëtzebuerg nozéien ? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...

Verschlechtert sech déi neurochirurgesch Prise en charge vun de Patienten zu Lëtzebuerg ?

Rezent gouf d’Nomenclature fir neurochirurgesch Akten geännert, esou datt intrakranial Agrëff just nach am CHL, an net méi an den HRS, rembourséiert ginn. D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu beim zoustännege Minister ënnert anerem nogefrot, ob dës Ännerung net zu enger Verschlechterung vun der Prise en charge vun de Patiente féiert, an ob de Minister net gewëllt wier dës Ännerung nach eng Kéier iwwerpréiwen ze loossen.

weiderliesen...