Wat gëtt aus dem ale Gebai vum Nationalarchiv?

D'Raimlechkeeten am Kasäregebai vun der fréierer Festung Lëtzebuerg wäerte fräi ginn, well d'Nationalarchiven op de Belval plënneren. Eisen Deputéierten André Bauler huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot ob et eventuell esouguer schonn en neie Projet fir d'Gebai gëtt a wéini ee kéint mat den Aarbechten ufänken.

D’Nationalarchiv wäert 2024 an e ganz modernt Gebai op Esch/Belval plënneren. Domat wäerten d’Raimlechkeeten am Kasäregebai vun der fréierer Festung Lëtzebuerg fräi ginn. 

An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

  1. Gëtt et een neie Projet ronderëm dëst historescht Gebai? Wa jo, lafen do scho konkret Planungen? Wat wier also déi eventuell nei Destinatioun fir dëst Gebai? Soll et villäicht an den Déngscht vun der Cité judiciaire gestallt ginn?
  2. Wéini kéinten d’Aarbechten am Gebai fréistens ufänken?
  3. Ass scho gewosst wat fir e Budget dofir misst virgesi ginn?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi huet sech d’Situatioun vun den Dubliner zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht Joren entwéckelt?

Säit Enn Oktober kënne männlech „Dubliner“, déi als Eenzelpersoun ënnerwee sinn net méi an den Opfänkstrukturen ugeholl ginn. Dëst well d’Gebailechkeete knapp, an d’Strukturen iwwerfëllt sinn. D‘Prioritéit soll op Kanner, Fraen a vulnerabel Persoune geluecht ginn. Mee wéi hunn sech d’Zuelen iwwer déi lescht Joren entwéckelt a wéi konnt et zu dëser Situatioun kommen? Eis Deputéiert Corinne Cahen a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...