Landwirtschaft a Wäibau

Wat sinn d’Perspektive vun eiser Landwirtschaft?

Wéi kann sech eis Landwirtschaft un de Klimawandel upassen ? D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, ob et an deem Kontext eng Klima-Task-Force gëtt, déi zesumme mam Secteur no laangfristege Léisunge sicht ?

„E Vertrieder vun enger Baueregewerkschaft huet rezent drop higewisen, datt mëttel- a laangfristeg driwwer nogeduecht misst ginn, wéi eng Kulturen an Zukunft am Grand-Duché sollen ugebaut ginn a wat fir eng manner, well mer mat engem Klimawandel konfrontéiert ginn.

Dës Ausso ass begréissenswäert, well se zum Handelen opfuerdert an eng Ëmstellung verlaangt, fir datt sech eis Landwirtschaft der gigantescher Erausfuerderung vun der Klimakris beschtméiglech stelle kann.

An deem Zesummenhang wollte mir dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:

  1. Gëtt et de Moment schonn am Landwirtschaftsministère, iwwer dee vun enger Baueregewerkschaft revendiquéierten Agrarsommet eraus, eng Klima-Task-Force, déi zesumme mam Secteur no längerfristege Léisunge sicht?
  2. Wa jo, wéi ass dëse Grupp organiséiert a wat sinn déi éischt Konklusiounen, déi scho gezu gi sinn? Wat wieren déi zukünfteg Aarbechten, déi kuerzfristeg entaméiert misste ginn?
  3. Opgrond vum Fuddermangel an eenzele Branchë vun der Landwirtschaft, gesäit den Här Minister d’Gefor, datt dëse Wanter scho Véi muss ofgebaut ginn, well et ze deier mam Fiddere gëtt?
  4. Wat fir Kulture sollten an Zukunft hei zu Lëtzebuerg besonnesch gefërdert ginn, fir besser duerch d’Klimakris ze kommen? Wat sinn an deem Kontext d’Perspektive vun eiser Landwirtschaft?“

Äntwert

1.  Gëtt et de Moment schonn am Landwirtschaftsministère, iwwer dee vun enger Baueregewerkschaft revendiquéierten Agrarsommet eraus, eng Klima-Task-Force, déi zesumme mam Secteur no längerfristege Léisunge sicht?

Op Basis vum lëtzebuerger Klima Gesetz (Loi modifiée du 15 décembre 2020 relative au climat) sinn folgend Gremien vun der Regierung en Place gesat ginn:

  • Comité interministeriell pour l’action climat
  • Plateforme pour l’action climat et la transition énergétique
  • Observatoire de la politique climatique

Den Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung ass am Comité interministeriell vertrueden an eng intern Consultatioun vun den Diskussiounen an dësem Comité fënnt am Ministère statt.

Weiderhin huet de Regierungsrot den Här Dr. Andrew Ferrone als Member vum Observatoire de la politique climatique (OPC) nominéiert an d‘Memberen vum OPC hunn den Här Ferrone als hiren President designéiert. Den Här Ferrone leet den Service fir Meteorologie bei der Verwaltung fir technesch Servicer vun der Landwirtschaft (Administration des services techniques de l’agriculture, ASTA).

Finalement, wollten mir och nach dorop hiweisen dass Regierungsmemberen och Vertrieder vun den Landwirtschaftlechen Secteur zweemol op en Klimadësch-Landwirtschaft invitéiert hunn:

  • Den éischten war den 9. März 2020 am Sennenger Schlass, op Invitatioun, vum Staatsminister an dem Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung an en Presenz vun der Ministerin fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Minister fir Energie a Landesplanung.
  • Den zweeten war den 11. Oktober 2021, am Kader vun der éischter lëtzebuerger Klima Expo, an op Invitatioun vun der Ministerin fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, dem Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung an dem Minister fir Energie a Landesplanung.

Den zweeten Klimadësch, war vun engem Austausch op Niveau vun Staatsbeamten vun den 3 concernéierten Ministèren an Vertrieder aus dem landwirtschaftlech Secteur suivéiert ginn, fir verschidden méi technesch Sujeten ze verdéiwen.

2.   Wa jo, wéi ass dëse Grupp organiséiert a wat sinn déi éischt Konklusiounen, déi scho gezu gi sinn? Wat wieren déi zukünfteg Aarbechten, déi kuerzfristeg entaméiert misste ginn?

Am Kader vum integréierter nationalem Energie- an Klima Plan fir den Zäitraum 2021-2030, huet sech Regierung folgend Aktiounspunkten ginn, fir d‘Emissiounen vun Zäregasen an der Landwirtschaft erofzesetzen. Hei en Iwwerbléckt iwwert déi Haaptpunkten déi an der Landwirtschaft fir gesinn sinn an un därer Ëmsetzung geschafft gëtt:

Eng éischt Grupp vu Moossnamen sollen d‘Reduktioun vun der Benotzung vu Stickstoffdünger an, lokal, an e puer Fäll souguer d‘Verzicht op Stickstoffdünger fërderen. Dës Moossnamen enthalen

Agrar-Emwelt Moossnamen, déi am Kader vun der Gemeinsamer Landwirtschaftspolitik vun der EU (CAP) definéiert sinn.

Eng zweet Grupp vu Mesuren betrëfft d’Applikatioun vun organeschen Dünger a Mineraldünger. Dës ginn am Kader vun den landwirtschaftlechen Ëmwelt Moossnamen an der NEC-Direktiv ëmgesat, an féieren zu enger Reduktioun vun den Zäregasemissiounen.

D‘Energiequell Biogas wäert am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft weider gefërdert ginn. Hei sollen organesch Dünger vun Déieren prioritär a Biogasanlagen benotzt ginn, fir gläichzäiteg d‘Emissioune vum Methan ze reduzéieren.

Eng Rei Moossnamen am Kader vun de landwirtschaftleche Ëmwelt Moossnamen wäerten zu enger Extensifikatioun vum landwirtschaftleche Grond verbrauch féieren, besonnesch a sensibelen Beräicher. Ausserdeem gesäit de Koalitiounsaccord fest, datt d’Bio-Landwirtschaft bis 2025 op d‘mannst 20% vun der landwirtschaftlecher Notzfläch erreecht (an 100% bis 2050), wat zu enger Extensifikatioun vun der Landwirtschaft bäidréit.

Eng Weiderentwécklung vun der Berodung wéi och d‘Diversifikatioun vun den ugebueden Berodungsmoduler, déi eng Klima frëndlech a resistent Landwirtschaft promovéieren, ass eng weider Moossnam, déi zur Reduktioun vun den GHG-Emissiounen bäidroe wäert.

D‘Vermeiden vu Liewensmëttel Verschwendung mécht och en entscheedenden Bäitrag zur Reduzéierung vun Emissiounen. D‘Campagnë “Antigaspi” muss weidergefouert a verstäerkt ginn, fir Verschwendung laanscht déi ganz Liewensmëttelkette ze vermeiden.

Nieft dem Bësch bitt de Landwirtschaftsecteur d’Méiglechkeet CO2 aus der Atmosphär ze bannen. Fir d‘Bildung vum Humus als Kuelestoffspeicher méi cibléiert ze fërderen, ginn an engem Fuerschungsprojet déi néideg Richtlinnen ausgeschafft. An dësem Beräich sinn och en Réi landwirtschaftlech Ëmwelt Moossnamen virgesinn, déi Kuelestoff hëllefen ze bannen. Och d‘Agroforstwirtschaft bitt an dësem Kontext en Potential.

D’Landwirtschaft ass awer net nëmmen vun den Reduktiounen vun den Zäregasen betraff, mee muss sech doriwwer eraus och un den Klimawandel upassen. An dësem Kontext huet d‘Regierung 2018 eng Strategie an en Aktiounsplang ugeholl ewéi d‘Adaptatioun un Auswierkunge vum Klimawandel zu Lëtzebuerg fir d’Period 2018-2023 soll gemaach ginn. Dës Strategie huet ënner anerem d‘Dréchenperioden als ee vun de groussen Impakter fir den landwirtschaftleche Secteur identifizéiert.

An dësem Kontext ass den Ubau vun neien Aarten a Zorten déi méi resistent géint Dréchent sinn als de beschte Wee identifizéiert ginn fir dass Landwirtschaft sech un d‘Verännerung kann upassen. Zu Lëtzebuerg ginn op den Versuchsfelder vun der Administration des services techniques de l’agriculture (ASTA), dem Lycée technique agricole (LTA) an dem Institut fir Biolog!esch Landwirtschaft an Agrarkultur (IBLA) all Joers an dësem Bereich regional Zortenversich ugeluecht.

Baueren kréien dësweideren recommandéiert d’Gamme vu Kulturen auszebauen an d’Rotatioun an d’Buedembearbechtung unzepassen.

All dës Moossnamen reduzéieren d‘Auswierkunge vun den Dréchenten déi duerch den Klimawandel wäerten zouhuelen, awer erlaben leider net ganz den Niveaue vun den Rekolte ze erreechen, déi een géif kréien, wa kee Waasser Defizit do wier.

Weider Mesuren aus dësem Strategie an Aktiounsplang fir d’Landwirtschaft un de Klimawandel un ze passen, betreffen de Monitoring an d’Kontrollen vun Schädlingen an Krankheeten, déi di landwirtschaftlech Kulturen betreffen.

Et sief drun erënnert, dat de Landwirtschaftsministère och schonns zënter Joeren finanziell Ennerstëtzungen ausbezillt fir landwirtschaftlech Betriber déi eng Mehrgefahrenversecherung ofschléissen an sech sou géint klimabedingten Ernteausfäll ofsécheren.

3.   Opgrond vum Fuddermangel an eenzele Branchë vun der Landwirtschaft, gesäit den Här Minister d’Gefor, datt dëse Wanter scho Véi muss ofgebaut ginn, well et ze deier mam Fiddere gëtt?

Et ass eng Tatsach dat et dëst Joer souwuel bei der Produktioun vun Grondfudder op den Wiesen an Weeden, ewéi och bei der Silomaisproduktioun, zolidd Ertragseinbussen hei zu Lëtzebuerg wéinst der Dréchent gouf. Ob awer dowéinst am Wanter elo muss, de manière générale Véi ofgebaut ginn, ass am Moment schwéier viraus ze gesinn.

4.   Wat fir Kulture sollten an Zukunft hei zu Lëtzebuerg besonnesch gefërdert ginn, fir besser duerch d’Klimakris ze kommen? Wat sinn an deem Kontext d’Perspektive vun eiser Landwirtschaft?

Et ginn eng Réi vun drechenrésistenten Kulturen, di och zu Lëtzebuerg schonns ugebaut ginn: Sorhum, (Sorghum bicolor), Sonnenblumen (Helianthus annuus), Lisère (Medicago Sativa) Hirsearten (Paniceae) an och eng Réi Futtergrieser.

D’Landwirtschaft muss an Zukunft an hiren Ubaupraxissen nach méi flexibel ginn. Dat heescht: Eng méi grouss Rotatioun vun den Kulturen, an och den Ubau vun méi verschiddenen Kulturen, fir dat den Risiko vun Ertrags- an Qualitéitsverloschter duerch virun allem Dréchent mee och extremen Nidderschléi op méi Kulturen opgedeelt gëtt. Hei gëtt zum Beispill den Fruchtfolgeprogramm vum Landwirtschaftsministère finanzéiert, fir eng gewëss Anbaudiversifizierung ze schafen.

Zousätzlech ginn och nach Programmer mat reduzéierter Buedembeaarbechtung gefërdert, zum Beispill den Mulchsaatprogramm. Zil vum Programm ass et den Erosiounsrisiko ze miniméieren. Donieft gëtt duerch manner Buedembeweegung manner Buedemwaasser verluer.

Et lafen och Projeten fir méi dréchentolerant Kulturen hei am Land ze testen. Sou zum Beispill Sorghumhirse, eng Planz aus dem mediterranen Klima, déi natierlech vill méi héich Uspréch un Temperatur huet ewéi Weess oder Mais.

Perspektive vun eiser Landwirtschaft am Kontext vum der Klimakris sinn: D’Erweiderung vun den Rotatiounen fir méi divers opgestallt ze sinn, och den Ubau vun néien méi dréchentoleranten Kulturen. Am Fall vun méi Evenementer mat Virsummerdréchent ass et Zil, Wanterfiichtegkeet am Buedem besser ausnotzen, dat heescht beim Ubau vun Summerkulturen mat minimal Buedembeaarbechtung, fir den Maximum un Buedemwaasser konservéieren. Am Allgemengen gëllt natierlech och den Ubau vun Zorten déi hei am Land an Zorteversich gepréift ginn an duerch hir Resultater recommandéiert ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...