Wat wäert de Projet « Schlasskéier » zu Wolz ëmfaassen?

No bei der Clinique Saint Joseph zu Wolz gëtt de Projet „Schlasskéier“ realiséiert. D’DP-Deputéiert, André Bauler a Carole Hartmann, hu bei den zoustännege Ministeren ënnert anerem nogefrot, ob eng Maison médicale Deel vun dësem Projet wäert sinn, wéi vill Leit do spéider schaffe wäerten a wéi d’Kollaboratioun mat der Klinick wäert ausgesinn.

Fro

„An hirer gemeinsamer Äntwert op eis parlamentaresch Fro n°7111 vum 3. November 2022 hunn d‘Madamm Gesondheetsministesch an den Här Minister fir sozial Sécherheet e Projet mam Numm „Schlasskéier“ no bei der Clinique Saint Joseph zu Wooltz an d’Gespréich bruecht.

An deem Kontext wollte mir der Madamm Gesondheetsministesch an dem Här Minister fir sozial Sécherheet folgend Froe stellen:

  • Soll dëse Projet eng Maison médicale oder e Centre médical hebergéieren?
  • Ginn déi raimlech Kapazitéite vun der Jousefsklinik net méi duer fir verschidden Zerwisser unzebidden?
  • Wat fir eng Leit, respektiv wéi vill Leit, sollen an dëser Struktur spéider schaffen a wéi gesäit d’Kooperatioun mat der Klinik aus?
  • Vu, datt zënter längerer Zäit keen Noutdéngscht méi zu Wooltz an den Owes- an Nuetsstonnen ugebuede gëtt, wier et dofir net sënnvoll fir déi eidelstoend Raimlechkeeten an der Klinik ze notzen, dat fir medezinesch Déngschter, déi soss an enger Maison médicale offréiert ginn ?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

D’Participatioune vum Staat

De liberalen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister gefrot wéi eng Participatiounen de lëtzebuerger Staat huet, wéi sech dës iwwer d’Zäit verännert hunn an wéi eng Stratégie dohannert stécht.

weiderliesen...

Keen Accès zu biologesche Resultater vun der LëtzHBM-Etüd ?

Bei der Etüd « LëtzHBM » vum LNS gi biologesch Prouwen an Ëmweltprouwen erhuewe fir d’Präsenz vu chemesche Substanzen doheem bei Privatpersoune festzestellen. D’Resultater vun de biologesche Prouwe ginn, anescht wéi vun den Ëmweltprouwe, ginn de Participanten net systematesch kommunizéiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot firwat dës Resultater net matgedeelt ginn an ob dat konform zum Dateschutzreglement ass.

weiderliesen...