Wéi ass den Zoustand vum Mauerwierk um Veianer Schlass?

Eis Schlässer a Buerge mussen ënnerhale ginn. Besonnesch d'Mauerwierk muss reegelméisseg iwwerpréift ginn, fir esou Situatioune wéi zu Beefort ze verhënneren. Zu Veianen um Schlass sinn och rezent e puer Steng erofgefall. An deem Kader huet eisen Deputéierten der Kulturministesch e puer Froe gestallt.

Op der Nordbastioun vum Veianer Schlass si virun etleche Woche Steng erofgefall. Dës Mauer misst effektiv stabiliséiert gi fir ze vermeiden, datt sech eng Situatioun wéi zu Beefort ergëtt.

An deem Zesummenhang wollt ech der Madamm Kulturministesch folgend Froe stellen:

  1. Ass de Service des Sites et Monuments schonn iwwer dëse Problem informéiert ginn? Wa jo, zu wat fir enge Konklusioune sinn d’Spezialiste komm?
  2. Gëtt den Zoustand vum Mauerwierk vum Schlass a besonnesch vun der Rankmauer reegelméisseg iwwerpréift? Wa jo, wat fir Feststellunge konnte rezent gemaach ginn? Gëtt et eventuell aner Stabilitéitsproblemer?
  3. Sinn d’Aarbechte schonn ausgeschriwwe ginn?

Äntwert

Weder de Service des sites et monuments nationaux (SSMN), nach d’Vertrieder vum Veianer Schlass
kënne bestätegen, dass viru Woche Steng aus der Mauer vum Nordbastioun vum Veianer Schlass
gefall sinn.
Den Zoustand vum Mauerwierk vum Schlass gëtt reegelméisseg vum SSMN iwwerpréift a wann
Aarbechten ustinn da gi se ausgefouert. Am Hierscht 2021 goufen di lescht Stabilisatiounsaarbechten
um Mauerwierk vum Schlass realiséiert. Wéinst der Iwwerwaachung vun de Maueren gouf virun e
puer Méint e Laserscan an eng Drohnendokumentatioun vun engem Ingenieursbüro gemaach. Déi
Donnéeë ginn an de nächste Wochen ausgewäert fir d’Prioritéite kënne festzeleeën an eventuell
Beräicher duerch punktuell Aarbechten ze sécheren.
De Nordbastioun ass en Deel vun de Maueren fir déi vun 2022 bis 2026 Aarbechte budgetiséiert a
virgesi sinn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wisou hunn d’Aktivitéite vun der ONG ‘Eng oppen Hand fir Malawi’ mussen agestallt ginn?

Joerzéngtelaange waren d’Schwëstere vun der Lëtzebuerger Zithaklinik am St. Gabriel Spidol am Malawi aktiv fir der lokaler Bevëlkerung esou gutt et geet eng medezinesch Grondversuergung ze erméiglechen. Enn Januar hunn si hir Aktivitéiten awer missen op Uerder vum Bëschof an ouni Virwarnung astellen an de Site verloossen. Bis haut gëtt et keng Explikatioun. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten informéiert.

weiderliesen...

Bleift déi pediatresch Garde um Kierchbierg weider assuréiert ?

De Gesondheetsministère an d’Spidolsfederatioun hu rezent eng Conventioun ënnerschriwwen fir d’Garden an d’Astreinten vun den Dokteren an de Spideeler z’indemniséieren. Den DP-Deputéierten Gilles Baum a Carole Hartmann ass zu Ouere komm, datt fir d’Pediatrie um Kierchbierg just eng Garde vrigesinn ass. Fir d’pediatresch Chirurgie ass keng Garde geplangt ginn. Dowéinst wollte si vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob d’Garde vun engem Kannerdokter eleng assuréiert ka ginn a wéi eventuell Problemer bei de Kapazitéiten geléist kënne ginn.

weiderliesen...