Wéi ass d’Entwécklung vun de Fleeschpräisser?

De Präis vu ville Fleeschzorten ass an de leschte Woche staark geklommen. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas wëlle vum Landwirtschaftsminister wëssen, wéi dës Entwécklung konkret war, wie vun dësen Hausse profitéiert a wat fir e Roll d'Ukrainkris spillt

„De Präis vun eenzelne Fleeschzorten ass an de leschte Woche staark geklommen.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:

  1. Kann den Här Minister eis d‘Entwécklung vun de Fleeschpräisser zanter Oktober 2021 retracéieren? 
  2.  Sollten d‘Präisser staark geklomme sinn, wee profitéiert a wat fir engem Mooss vun dësen Haussen? 
  3. Explizéiert d‘Ukrainkris aleng firwat dës Präisser geklomme sinn?“

Äntwert

1) Kann den Här Minister eis d‘Entwécklung vun de Fleeschpräisser zanter Oktober 2021 retracéieren?

Am lëtzebuerger Verbraucherpräisindex (indice des prix à la consommation national – IPCN) sinn d’Liewensmëttel mat 11.4% ee wichtegen Deel. Am sougenannte Wuerekuerf, deem seng Präisser suivéiert ginn, sinn och verschidden Zorte Fleesch integréiert, sou dass et méiglech ass, d’Evolutioun vun deene Produkter vu Mount zu Mount ze retracéieren.

Vun Oktober 2021 bis Mäerz 2022 sinn d’Präisser vun de Liewensmëttel am allgemengen ëm 3.4% geklommen. D’Präisser fir Fleesch sinn an deem Zäitraum ëm 4.1% geklommen. Am Wuerekuerf gëtt et och eng detailléiert Ënnerdeelung vun de verschiddene Fleeschzorten, do stellt een déi stäerkste Präishausse fir d’Schofs- a Geessefleesch fest mat iwwer 9%. Präisser fir Rëndsfleesch a Kalleffleesch sinn an de 5 Méint tëschent Oktober 2021 a Mäerz 2022 ëm 4.4% geklommen, an déi fir Schwéngefleesch ëm 2.8%.

Grafik 1: Entwécklung vun de Verbraucherpräisser zu Lëtzebuerg

Source: STATEC

2) Sollten d‘Präisser staark geklomme sinn, wie profitéiert a wat fir engem Mooss vun dësen Haussen?

D’Marge vun de verschiddene Produzenten an Distributeure ginn am Verbraucherpräisindex net observéiert. Et kann een awer dervun ausgoen, datt de Käschtendrock sech vergréissert huet, zum Beispill wéinst méi héijen Energie-, Fudder- a Verpakungspräisser.

Um Niveau vun de Schluechtpräisser sinn zu Lëtzebuerg zanter Enn 2021 verschidde Steigerungen ze verzeechnen (cf. Grafik 2).

Grafik 2: Entwécklung vun de Schluechtpräisser zu Lëtzebuerg

De Krich an der Ukrain ass de 24. Februar ausgebrach, zu engem Zäitpunkt, wou d’Kollekte vum Verbraucherpräisindex fir de Mount Februar schonn ofgeschloss war. Ee méiglechen Impakt vun der Ukrainkris ass also fréistens an den Zuele vum IPCN vum Mäerz 2022 ze gesinn. Vu Februar op Mäerz ass d’Fleesch am Verbraucherpräisindex ëm 2.1% geklommen.

Am Mäerz ass de Weltmaartpräis vum Fleesch laut der Food and Agriculture Organization of the United Nations (FAO) ëm bal 5% am Verglach zu Februar geklommen. Als Grond gëtt eng limitéiert Offer fir Rand-, Gefligel- a Schwéngefleesch  bei enger staarker Nofro[1] genannt.

3) Explizéiert d‘Ukrainkris eleng, firwat dës Präisser geklomme sinn?“

Präisser bei de Liewensmëttel gi wéi bei alle veraarbechte Produkter engersäits duerch d’Zesummespill vun der Offer an der Demande vum Produit selwer bestëmmt an anerersäits duerch d’Hierstellungskäschte vun de Produkter. Aus der Entwécklung vun de Quantitéiten u geschluechte Karkasse léist sech d‘Aktivitéit an de Schluechthaiser am ausgewielten Zäitraum novollzéien, an do gesi mir däitlech, datt vum Oktober iwwer de Joreswiessel bis Enn Mäerz quasi eng konstant Aktivitéit stattfonnt huet (cf. Grafik 3). Wa mir dervun ausginn, datt genuch Fleesch fir d’Weiderveraarbechtung do war, dann ass dervun auszegoen, datt d’Ukrainkris mat hire staarken Auswierkungen op e.a. d’Energiepräisser sécher e groussen Deel vun der Hausse ausmécht. Eng kloer Ausso, op et eleng doduerch ze erklären ass, léist sech awer net sécher maachen.

Grafik 3: Entwécklung vun de Schluechtmengen zu Lëtzebuerg no Kategorien (logarithmesch Axe)


[1] Cf. https://www.fao.org/worldfoodsituation/foodpricesindex/en/

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Drénkwaasser aus der Musel?

Aktuell ginn Etüde gemaach fir an Zukunft méiglecherweis Waasser aus der Musel zu Drénkwaasser opzebereeden. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hunn nogefrot, wéini dës Etüden ofgeschloss wäerte sinn a wéi et ëm d’Waasserqualitéit vun der Musel steet.

weiderliesen...

Erweiderung vun der Doudesstrof am Belarus

Den 18 Mäerz vun dësem Joer huet de Belarus per Dekret d’Méiglechkeet mat der Doudesstrof bestroft ze ginn erweidert, sou dass elo net méi nëmmen d’Acteure vun engem terroristeschen Akt, mee och schonn d’Tentative vun esou engem Akt mat der Doudesstrof kënne bestrooft ginn. D’Oppositioun gesäit an dëser Decisioun de Versuch d’fräi Meenungsäusserung an d’Géigner vun der Regierung ze ënnerdrécken. Wéi soll een dës Situatioun aschätzen? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim Ausseministère nogefrot.

weiderliesen...