Wéi geet et mam Stolwierk zu Diddeleng virun?

No de rezente Revelatioune vun der "Financial Times", dass et beim Mammegrupp vu Liberty Steel zu dubiéise finanziellen Praktike komm wier, wouduerch eventuell nei Investoren ofgeschreckt kéinte ginn, freet den DP-Deputéierte Gusty Graas beim zoustännege Minister no, inwéifern dës en Afloss op de Standuert Diddeleng hunn an ob hien d'Meenung vun de Gewerkschaften deelt, dass de Staat finanziell intervenéiere misst.

« Des révélations récentes du quotidien britannique « The Financial Times » notent des pratiques financières douteuses de la « Gupta Family Group Alliance », propriétaire de « Liberty Steel », qui pourraient abîmer considérablement la confiance d’investisseurs potentiels dans le groupe et réduire la capacité du groupe à se refinancer.

Au Luxembourg, les syndicats, quant à eux, témoignent également d’une perte de confiance dans le groupe, et déplorent que les engagements d’investissements dans les sites de Dudelange et Liège n’aient pas été respectés.

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de l’Économie :

– Selon Monsieur le Ministre, quel sera l’impact des révélations du « Financial Times » sur le site de Dudelange ?

– Monsieur le Ministre partage-t-il l’appréciation des syndicats qu’une intervention financière de la part de l’État luxembourgeois serait inévitable afin de garantir le maintien du site de Dudelange ?

– Monsieur le Ministre peut-il fournir des précisions quant au progrès des négociations actuelles avec Liberty Steel ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...