Wéi ginn d’Aarbechten um Tunnel Schieburg virun?

Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot wou d'Aarbechten um Tunnel Schieburg dru wieren an op de viséierten Zäitplang agehale wäerte kënne ginn.

“Nom Broch am Tunnel Schieburg tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz viru bal fënnef Méint ass vun der CFL matgedeelt ginn, datt déi infrastrukturell Aarbechten amgaang sinn an datt se net virun Abrëll ofgeschloss wäerte kënne ginn.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Wat fir Aarbechte konnte bis elo am Tunnel weidergedriwwe respektiv ofgeschloss ginn?
  • Ass et eventuell zu Komplikatiounen oder onerwaarte Contraintë komm?
  • Kann den ugekënnegten Timing agehale ginn oder besteet e Risiko, datt dës Aarbechte méi laang brauche wéi ugeduecht?
  • Ass vu Säite vun der CFL virgesi fir déi betraffen Usageren a Gemengen a reegelméissegen Ofstänn iwwer de Verlaf vun den Aarbechten z’informéieren?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...

Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin

Eisem Land feelt et un Aarbechtsdokteren. De Koalitiounsprogramm gesäit dowéinst eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Aarbechtsdokteren aktuell hei am Land schaffen, wéi d’Altersstruktur vum Beruffsstand ausgesäit a wéi d’Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin kéint ausgesinn?

weiderliesen...