Wei huet sech de Bréifverkéier zu Lëtzebuerg entwéckelt?

Bei der däitscher Post ass de Bréifverkéier am éischte Quartal vun 2024 ëm 6,6% zréckgaang, wat sech haaptsächlech duerch de Prozess vun der Digitaliséierung erkläre léisst. D’DP Deputéiert André Bauler an Carole Hartmann hunn de Minister fir d’Ekonomie, Mëttelstand, Energie an Tourismus gefrot, wéi sech de Bréiverkéier, a méi genau d’Unzuel vun de Päck, am Land entwéckelt huet zanter 2020 an wéi vill verschidde Betriber hei zu Lëtzebuerg am Bréif- a Päckgeschäft aktiv sinn.

Fro

„Am éischte Quartal vun dësem Joer ass de Bréifverkéier bei der däitscher Post ëm 6,6% zréckgaang. D’Verschécke vu Päck ass dogéint ëm 4,4% geklomm. Dës Entwécklung erkläert sech haaptsächlech duerch de Prozess vun der Digitaliséierung.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir d’Ekonomie, Mëttelstand, Energie an Tourismus follgend Froe stellen:

1. Wéi huet sech de Bréifverkéier hei am Land zanter 2020 entwéckelt?
2. Huet den Här Minister och Informatiounen iwwer d’Entwécklung vun der Unzuel u Päck?

3. Wéi vill verschidde Firme sinn hei zu Lëtzebuerg am Bréif- a Päckgeschäft aktiv? Wat sinn hir respektiv Maartundeeler?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...