Wéi kënne mir besonnesch déi Jonk virun ‚Hate speech‘ am Netz schützen?

De Phenomen vum Hate Speech verbreet sech ëmmer méi an der Gesellschaft. Net nëmmen, mee besonnesch Kanner a Jugendlecher gesinn sech dëse Commentaire mat all hire Konsequenzen ausgesat. Wéi huet sech dëse Problem iwwert d’Joren entwéckelt, wat ka gemaach ginn fir dem entgéintzewierken a wéi kënne besonnesch déi Jonk sech virun Hate Speech am Netz schützen a sech dogéint wieren. D’Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty hu beim Justizministère a beim Ministère fir Educatioun nogefrot.

« D’Problematik vum ‚Hate speech‘ verbreet sech an der Gesellschaft ëmmer méi séier. Eng konstruktiv Diskussiounskultur kënnt oft ze kuerz a muss Plaz maachen fir schnell deposéiert Kriticken, aggressiv Bemierkungen a Beleidegungen déi Rassismus, Fraefeindlechkeet, Gewalt an Haas incitéieren. Ënnert dem Deckmantel vun der Meenungsfräiheet benotzt esou munche ‚User‘ déi digital Plattforme fir bewosst sengem Onmutt Loft ze maachen, a negativ Stëmmungen ze streeën. Esou ka beispillsweis en onschëllege ‚Post‘ iwwer e Rezept, ganz séier an enger Kultur- an Ethnizitéitsdiskussioun ausaarten. Ee richteg placéierten ‚hashtag‘ geet duer, an d’Land ass gespléckt iwwer e politeschen Debat den zu dem Zäitpunkt méi op de Plattformen, ewéi a politesch Diskussiounen ausgedroe gëtt. Zu wat Opriff um Internet beim Public kënne féieren, huet d’ganz Welt spéitstens bei den Attacken op de Kapitol zu Washington materlieft.

Ganz besonnesch geféierlech an dëser Thematik ass d’Verharmlosung vun dësem Phänomen dat am digitalen Zäitalter ëmmer méi d’Iwwerhand hëlt. Och wann den Opruff zu Haass per Strofgesetz verbueden ass, gëtt et weiderhi vill Aggressivitéit an Haass am gesellschaftleche Melting pot vun de soziale Netzwierker. Oft gëtt ‚hate speech‘ mat humoristesche Kommentaren ofgedeon – „well, that escalated quickly“ – mee eng tatsächlech Konsequenz fir d’Auteure bleift aus. Den Haass amuséiert, a féiert net zu engem Ëmdenke beim Lieser.

D’‘Broken Windows Theory‘ postuléiert, dass kleng Schied duerch Vandalismus, no deenen net gekuckt gëtt, dozou féieren, dass de Vandalimus sech wäert weider op dëser Plaz verbreeden.

D’Broken Web Theory baséiert op dëser Iddi, an applizéiert d‘Theorie op den Internet als gemeinschaftleche Raum. Deemno beseet dës Theorie, dass Strofdoten déi ëffentlech am digitale Raum begaange ginn, an op déi keng Reaktioun follegt, dofir suergen, dass dat Verhalen bestäerkt, a verstäerkt weidergefouert gëtt.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Justizminister an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:

  • Ginn et am Beräich vum ‚Hate speech‘ Statistiken, déi dëse Phänomen iwwerwaachen? Dans l’affirmative, wéi hu sech d’Chifferen iwwert déi lescht 5 Joer verännert ?
  • Si Sensibiliséierungscampagne geplangt fir op de Problem opmierksam ze maachen? Wat ass virgesi fir der momentaner Entwécklung vun ‚hate speech‘ entgéintzewierken?
  • Wat kann de Bierger maache fir sech géint esou e Verhalen am Internet ze schützen ? Kann de Bierger rechtlech géint esou ee Verhale virgoen?
  • Eis Jugend wiisst ëmmer méi digital op. Wéi kënnen och si virun ‘hate speech’ am Internet geschützt ginn ?
  • Wat fir Alterskategorien si besonnesch am Risiko mat ‚hate speech‘ konfrontéiert ze ginn? Gëtt d’Thema ‚Hate speech‘ an der Schoul thematiséiert, an a welche Klassen?
  • Wat ass déi éischt Ulafstell fir betraffe Kanner a Jugendlecher, wou si Hëllef kenne kréien? »

Äntwert

D’Initiativ BEE SECURE vun der Lëtzebuerger Regierung bitt de Bierger d’Méiglechkeet illegal , rassistesch an och diskriminéierend Inhalter ze mellen. D’Ekipp vu BEE SECURE setzt op Informatioun, Sensibiliséierung a Preventiounsaarbecht. Et gëtt och gehofft, dass Veruerteelungen duerch lëtzebuerger Geriichter eng ofschreckend Wierkung hunn a Benotzer    méi Uecht ginn bei dem wat se schreiwen. Nierft der BEE Secure Helpline a Stopline, gëtt et och d’Méiglechkeet bei der Police oder beim Parqet eng Plainte ze desposéieren, dëst falls ee perséinlech attackéiert gëtt. Déi jonk leit wuessen ëmmer méi digital op, an duerch Campagnen oder mam Mediekompass, gi si mam Fonctionnement vun der digitaler Welt sensibiliséiert. Nierft der BEE SECURE Help- a Stopline, kënne Jonker sech och beim Kanner- a Jugendtelefon, bei der Police oder beim Centre pour l’égalité de traitement mellen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi vill Doktere schaffen am Norde vum Land ?

Am Norde vum Land mussen d’Bierger oft wäit Deplacementer a Kaf huele fir an eng Klinick oder eng Maison médicale ze kommen.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hunn d’Gesondheetsministesch ënnert anerem gefrot, wéi vill Generalisten a Spezialisten am Norde vum Land schaffen, wéi d’Altersstruktur bei den Dokteren ass a wéini eng zweet Maison médicale am Norden opgemaacht kéint ginn.

weiderliesen...

Wéi vill Frae gi wärend der Schwangerschaft an Dispens gesat ?

D’Aarbechtsrecht gesäit vir, datt schwanger Fraen op der Aarbecht verschidden Tâchen net iwwerhuelen dierfen. D’Gesetz gesäit dofir een Amenagement vun der Aarbechtsplaz vir oder eng Reaffektatioun op een anere Posten. Ass béides net méiglech, da muss d’Fra an Dispens gesat ginn.
D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Frae pro Secteur an Dispens gesat ginn, wéi oft ee Recours géint eng Dispens vum Patron agereecht gouf an opgrond vu wéi enge konkrete Krittären d’Aarbechtsdokteren eng Dispens decidéieren.

weiderliesen...

Sollten den LNS a Privatlaboe bei Biopsien net méi zesummeschaffen?

Fir der laanger Waardezäit bei der Analyse vu Biopsien entgéint ze wierken, huet den LNS, deen hei ee Monopol huet, eng Rei Mesüren en place gesat.
D’DP-Deputéiert Mandy Minella an Dr Gérard Schockmel hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi een Impakt dës Mesüren op d’Waardezäiten haten an ob net awer eng gréisser Zesummenaarbecht mat Privatlaboen envisagéiert sollt gi fir d’Delaie weider ze verkierzen.

weiderliesen...

Kee Remboursement méi fir dermatoskopesch Fotoen ?

Am Kader vun der Ënnersichung bei engem Hautdokter kënne Fotoe vu verdächtege Plazen op der Haut gemaach ginn, wou de Risiko besteet, datt sech Hautkriibs entwéckele kéint. Dem DP-Deputéierte Gusty Graas gouf elo zougedroen, datt dës Fotoen net méi vun der Krankekeess rembourséiert ginn. An enger parlamentarescher Fro un d’Gesondheetsministesch wëll de liberale Politiker ënnert anerem gewuer gi firwat dës Decisioun geholl gouf a wéi vill Patienten esou Fotoe beim Hautdokter an de leschte 5 Joer rembourséiert kruten.

weiderliesen...