Wéi staark hunn d’Riewen zu Lëtzebuerg ënner dem rezente Frascht gelidden?

Nodeems a ganz Frankräich de Frascht de Riewe schlëmm zougesat huet, hunn d'DP-Deputéiert André Bauler, Gilles Baum a Carole Hartmann beim zoustännege Minister nogefrot, wéi d'Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit.

« Wéi déi franséisch Medie mellen, hätt de rezente Frascht quasi duerch ganz Frankräich de Bléien an de Wéngerten ellen zougesat. Änlech ass d’Situatioun bei den Uebstbeem, déi a verschiddene Géigende vun der franséischer Republik béis vun der Keelt getraff gi sinn.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Wéi gesäit d’Situatioun de Moment op eiser Musel aus? Gëtt et do och Schued an de Wéngerten? Wa jo, konnt dee schonn estiméiert ginn? Gëtt et Ënnerscheeder jee no Zort a Lag? Ass et méiglech d’Auswierkungen op d’Récolte dëst Joer anzeschätzen?
  • Krut den Här Minister och eventuell e Feedback vun eisen Uebst- a Geméisbaueren? Gëtt et och do Ënnerscheeder wat de Schued ugeet?
  • Wéi vill Prozent vun eiser bewirtschafter Fläch maachen d’Wéngerten an d’Bongerten aus? Wéi vill Betriber liewen dovunner ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini kënnt d’Pollen-App ?

De Gesondheetsministère hat annoncéiert, datt ugangs 2020 eng gratis App sollt ugebuede ginn, déi de Bierger Informatiounen iwwert d’Pollenkonzentratioun an der Loft liwwert.

No iwwer dräi Joer gëtt et déi App nach ëmmer net. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Aarbechten un dëser App dru sinn a wien mat hirer Entwécklung beoptragt ginn ass ?

weiderliesen...

Wäert Europa deemnächst méi séier handele kënnen?

Op Initiativ vun Däitschland hunn sech 10 europäesch Memberstaate an engem ‘Frëndeskrees’ zesummegedoen, fir Entscheedunge mat enger qualifizéierter Majoritéit ze promovéieren. Och Lëtzebuerg ass Deel vun dësem Grupp. Wat ass den Impakt heivun an Europa? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei Ausseministère nogefrot.

weiderliesen...

Ass de Grupp Wagner eng Terrororganisatioun ?

De 9. Mee huet déi franséisch Assemblée générale an enger Resolutioun dozou opgefuerdert, de Grupp Wagner an d’Lescht vun den Terrororganisatiounen opzehuelen. Wéi steet eisen Ausseministère zu dëser Demande ? Wäert Lëtzebuerg nozéien ? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...