Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

Fro

Aus der däitscher Press gouf ee rezent gewuer, datt d’Zuel vun de Leit mat Kariesprobleemer sech zanter 1989 hallwéiert huet. Dat an der Alterskategorie tëscht 35 bis 44 Joer. Och d’Zuel vun de Leit, déi net méi vill Zänn am Mond hunn, wier däitlech zréckgaang. An der Alterskategorie tëscht 35 bis 44 Joer géif et quasi keng Leit méi ginn, déi guer keng eegen Zänn méi hunn.

Dat bestätegt eng Etüd ënnert dem Numm „Mundgesundheitsstudie“, déi d‘”Institut der deutschen Zahnärzte”, d‘”Kassenzahnärztliche Bundesvereinigung” an d‘”Bundeszahnärztekammer” zu Berlin virgestallt hunn. Nëmmen nach 5% vun de Leit tëscht 65 a 74 Joer wieren ouni eegen Zänn. Dat wier weltwäit ee Spëtzewäert. Bei de Kanner wier de Karies zanter Enn de 90er Joren ëm 90% zréckgaang. 78% vun den 12järegen hätten iwwerhaapt kee Kariesprobleem. Dogéint awer wier d’Parodontos nach ëmmer eng Vollekskrankheet a wier och ee Facteur, deen Häerzkreeslafkrankheete begënschtege géif. Ronn 14 Millioune Menschen an Däitschland hunn deemno eng schwéier Parodontalerkrankung.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung follgend Froe stellen:

  • Wéi gesäit d’Situatioun hei zu Lëtzebuerg aus? Gouf et schonn eng änlech Studie wéi an Däitschland? Wa jo, kann een aus dësen Etüden, déi selwecht Konklusiounen zéien?
  • Well d’Zännprotheesen an Implantater en deieren Artikel sinn, wollt ech och nach froen, wéi de Moment d’Preventiounspolitik vun der Santé an dësem Beräich ausgesäit an ob se eventuell iwwerduecht muss ginn?
  • Wéi huet sech d’Zuel vun den Zänndoktere pro 1000 Awunner hei zu Lëtzebuerg an de leschte Joerzéngten entwéckelt? Si mer op deem Plang besser gestallt wéi nach um Ufank vum Joerdausend? 

Äntwert

  1. Wéi gesäit d’Situatioun hei zu Lëtzebuerg aus? Gouf et schonn eng änlech Studie wéi an Däitschland? Wa jo, kann een aus dësen Etüden, déi selwecht Konklusiounen zéien?

Zu Lëtzebuerg gëtt et keng vergläichbar Etude.

Des weidere gëtt et zu Lëtzebuerg och kee spezifescht Forschungsinstitut fir Zänn, wéi dat an anere Länner de Fall ass.

  • Well d’Zännprotheesen an Implantater en deieren Artikel sinn, wollt ech och nach froen, wéi de Moment d’Preventiounspolitik vun der Santé an dësem Beräich ausgesäit an ob se eventuell iwwerduecht muss ginn?

D’Preventiounspolitik vun der Santé an dësem Beräich ass op dräi wichteg Phasen vum Liewen focaliséiert:

  • Preventiv Ënnersichunge fir schwanger Fraen am Laf vun den éischte 5 Méint vun der Schwangerschaft:  Consultatioun (DE1) beim Zänndokter am Kader vun der post-nataler Allocatioun[1] .
    • Promotioun fir zännmedezinesch Ënnersichunge bei klenge Kanner tëscht 2 a 4 Joer: Incitatioun zu de Consultatiounen DE2 an DE3 (Depistage a Preventiounsberodung) [2].
    • Mond an Zännënnersichungen am Kader vun der Schoulmedezin fir Kanner tëscht 4 an 12 Joer: Preventioun a Promotioun vun der Zänn- a Mondgesondheet duerchgefouert vun Zänndokteren an der Spillschoul an an der Grondschoul[3], wou ënner anerem och d’Brochure „Esst-Putzt-Lächelt“ verdeelt gëtt[4].

Doriwwer eraus lafe kontinuéierlech Reflexiounen iwwer eventuell néideg Upassunge vun der Preventiounspolitik op verschiddenen Niveauen.

  • Wéi huet sech d’Zuel vun den Zänndoktere pro 1000 Awunner hei zu Lëtzebuerg an de leschte Joerzéngten entwéckelt? Si mer op deem Plang besser gestallt wéi nach um Ufank vum Joerdausend? “

Déi follgend Statistik bezitt sech op d’Zuel vu praktizéierenden Zänndokteren zu Lëtzebuerg tëscht 2013 an 2023. Als praktizéierenden Zänndokter gëllt eng Persoun, déi eng “Autorisation d’exercice” vum Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale ausgestallt krut a gläichzäiteg tatsächlech an engem

Gesondheetsberuff zu Lëtzebuerg täteg ass, entweder bei engem Employeur aus dem Gesondheetssecteur oder an iergend engem anere Secteur, esou wéi och am “Centre de gestion du personnel et de l’organisation de l’Etat” (CGPO). Stomatologen an Dokteren déi eng Spezialisatioun an der Chirurgie dentaire, orale a maxillo-faciale hu ginn an dëser Statistik och als Zänndokter opgelëscht.

Unzuel un Zänndokteren pro 1.000 Awunner tëscht 2013 an 2023 a)

 20132014201520162017201820192020202120222023
Unzuel pro 1 000 Awunner0,800,790,820,830,860,900,960,961,001,011,04

      a)       Op den Stand vum 31 Dezember am Joer gekuckt.

Quell: STATEC, Datebank vun der sozialer Sécherheet, Berechnung IGSS.

An de leschten 10 Joer ass Zuel vun den Zänndokteren, op 1.000 Awunner gekuckt, vun 0,80 am Joer 2013 op 1,04 am Joer 2023 eropgaang.


[1] Nomenclature – Médecins-dentistes – CNS – Luxembourg

[2] Nomenclature – Médecins-dentistes – CNS – Luxembourg

[3] Examens bucco-dentaires – Portail Santé – Luxembourg

[4] Esst, putzt, lächelt – Gesundheitsportal – Luxembourg

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Keen Accès zu biologesche Resultater vun der LëtzHBM-Etüd ?

Bei der Etüd « LëtzHBM » vum LNS gi biologesch Prouwen an Ëmweltprouwen erhuewe fir d’Präsenz vu chemesche Substanzen doheem bei Privatpersoune festzestellen. D’Resultater vun de biologesche Prouwe ginn, anescht wéi vun den Ëmweltprouwe, ginn de Participanten net systematesch kommunizéiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot firwat dës Resultater net matgedeelt ginn an ob dat konform zum Dateschutzreglement ass.

weiderliesen...

Wéi laang ass d’Waardezäit an der « Travel Clinic » ?

Bei Reesen a méi tropesch Regioune kann een sech an der “Travel Clinic” vum CHL beroden a géint verschidde Krankheeten impfe loossen. D’Waardezäiten an dëser Klinick sollen den Ament awer nawell laang sinn.
D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Patienten an de leschten 10 Joer an der “Travel Clinic” empfaange goufen, wéi d’Waardezäiten sech an dëser Period entwéckelt hunn an ob et net sënnvoll wier online ee Rendez-vous huelen ze kënnen, esouwéi dat fir vill aner Servicer vum CHL méiglech ass.

weiderliesen...

Wéi kann een de Beruff vum Aide-soignant revaloriséieren ?

De Manktem u Fleegepersonal gehéiert zu de gréissten Erausfuerderunge vun dëser Regierung. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Aides-soignanten aktuell am Land schaffen, wéi vill de Beruff an de leschte Jore gewiesselt hunn a wéi eng Mesüren d’Regierung ze huele gedenkt fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen.

weiderliesen...