Wéi vill Recetten bréngt d’CO2-Steier eran?

Eis Deputéiert André Bauler a Luc Emering hunn nogefrot wéi vill Recetten d'CO2-Tax dem Staat iwwer déi lescht Joer erabruecht huet a wat fir eng Ëmweltprojeten heiduerch finanzéiert ginn.

„Am Joer 2021 huet Lëtzebuerg d‘CO2-Tax agefouert fir géint de Klimawandel virzegoen. Dës louch 2021 bei 20 Euro pro Tonn un CO2, a se ass zanterhier all Joer ëm 5 Euro gehéicht ginn; esou dass se zanter dem 1. Januar dëst Joer bei 40 Euro pro CO2/Tonn läit. 

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit follgend Froe stellen:

  1. Wéi vill Recetten huet d’CO2-Steier tëschent de Joren 2021 an 2024 dem Staat erabruecht? Wéi huet sech dës Progressioun vun der CO2-Tax iwwert déi lescht Jore generell op d’Recetten un Accisen ausgewierkt?“
  2. Wéi eng Ëmweltmesüren a Projete ginn heiduerch finanzéiert fir géint de Klimawandel virzegoen?”

Äntwert

Gemeinsam Äntwert vum Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, vum Minister fir Finanzen a vum Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus op d’parlamentaresch Fro n°1831 vum 23. Januar 2025 vun den éierewäerten Députéierten André Bauler a Luc Emering iwwert “Recettes générées par la taxe carbone”

Wéi vill Recetten huet d’CO2-Steier tëschent de Joren 2021 an 2024 dem Staat erabruecht? Wéi huet sech dës Progressioun vun der CO2-Tax iwwert déi lescht Jore generell op d’Recetten un Accisen ausgewierkt?

D’Recettë vun der CO2-Steier an den Akzisen op Energieprodukter hunn sech iwwer de gefroten Zäitraum follgendermoossen entwéckelt:

Déi méi substantiell Baisse vun den Akziseneinnamen op den Energieprodukter am Joer 2022 ass op den éischte Solidaritéitspak zréckzeféieren an op d’Erofsetze vun den Akzisen um Bensinn an Diesel ëm 7,5 Cents pro Liter tëschent dem 13. Abrëll 2022 an dem 31. August 2022.

Wéi eng Ëmweltmesüren a Projete ginn heiduerch finanzéiert fir géint de Klimawandel virzegoen?

Esou wéi am integréierten Energie- a Klimaplang (PNEC) virgesinn, sinn d‘Recettë vun der CO2-Steier jeeweils zur Hallschent fir Klimaschutzmoossnamen a fir sozial Kompensatiounsmoossname ageplangt. D’Finanzéierung vun dëse Moossname gëtt duerch de Budget vun de jeeweilege Ministèren an duerch de Klima- an Energiefong getätegt. Déi 15 „domaines d’intervention“ vun dësem Fong sinn am modifizéierte Klimagesetz vum 15. Dezember 2020 präziséiert. 

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...

Zweeten Intervenant an A-EBS am Cycle 1 vum Grondschoulunterrecht

Fir eng besser pedagogesch Differenzéierung a méi Chancë vu Ufank un ze garantéieren, gesäit de Koalitiounsprogramm en zweeten Intervenant am Cycle 1 vir. Och am Kader vum Projet Alpha kéint dësen Intervenant eng wichteg Roll spillen, besonnesch bei der phonetescher Virbereedung vun de Kanner. Zousätzlech si sougenannte A-EBS geplangt, déi d’Enseignanten ënnerstëtze sollen. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino hu beim Educatiounsminister nogefrot, wéi wäit dës Initiativen fortgeschratt sinn a wéi de Kalenner ausgesäit.

weiderliesen...

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...