Wéini ginn d’Tunnelradaren op der A7 schaarf gestallt?

Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, wéini d'Tunnelradaren op der A7 schaarf gestallt géife ginn a wéi vill Chauffere wärend der Testphas bis elo geblëtzt goufen.

D’Streckeradaren an den Tunnelen op der A7 sinn zënter dem 1. Dezember an hirer Testphas.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Automobilisten a Camionsfuerer si wärend der Testphas op der A7 bis elo geblëtzt ginn?
  • Vu wéini u ginn dës Streckeradare schaarf gestallt?“

Äntwert

Wéi vill Automobilisten a Camionsfuerer si wärend der Testphas op der A7 bis elo geblëtzt ginn?

Wärend der Testphas vun de Streckeradaren an den Tunnellen Stafelter, Grouft an Gousselerbierg op der A7 gi keng Donnéeë gespäichert. Alles wat vun de Streckeradaren erfaasst gëtt, gëtt direkt geläscht. Esou leien och keng Statistike mat de gewënschten Donnéeë fir.

Vu wéini u ginn dës Streckeradare schaarf gestallt? D’Streckeradare gi schaarf gestallt, soubal d’Anlagen homologéiert an alles richteg parametréiert ass.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini kënnt d’Pollen-App ?

De Gesondheetsministère hat annoncéiert, datt ugangs 2020 eng gratis App sollt ugebuede ginn, déi de Bierger Informatiounen iwwert d’Pollenkonzentratioun an der Loft liwwert.

No iwwer dräi Joer gëtt et déi App nach ëmmer net. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Aarbechten un dëser App dru sinn a wien mat hirer Entwécklung beoptragt ginn ass ?

weiderliesen...

Wäert Europa deemnächst méi séier handele kënnen?

Op Initiativ vun Däitschland hunn sech 10 europäesch Memberstaate an engem ‘Frëndeskrees’ zesummegedoen, fir Entscheedunge mat enger qualifizéierter Majoritéit ze promovéieren. Och Lëtzebuerg ass Deel vun dësem Grupp. Wat ass den Impakt heivun an Europa? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei Ausseministère nogefrot.

weiderliesen...

Ass de Grupp Wagner eng Terrororganisatioun ?

De 9. Mee huet déi franséisch Assemblée générale an enger Resolutioun dozou opgefuerdert, de Grupp Wagner an d’Lescht vun den Terrororganisatiounen opzehuelen. Wéi steet eisen Ausseministère zu dëser Demande ? Wäert Lëtzebuerg nozéien ? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...