Wou ass de Projet vum “Innovation Campus” zu Biissen drun?

D'DP-Deputéiert Claude Lamberty an André Bauler hunn nogefrot, wou de Projet vum "Innovation Campus" zu Biissen drun ass, a wat déi eventuell Grënn wieren, firwat dee Projet net den erwaarte Succès huet.

„Viru Joren war zu Biissen an der Industriezon en „Automotive Campus“ geplangt, eng Aart Ecosystem am Beräich vun der Mobilitéit, wou Synergien tëscht ënnerschiddlechen Acteuren geschaf sollte ginn an d’Fuerschung an Innovatioun am Zentrum sollte stoen. An der Tëschenzäit ass de Projet an en „Innovation Campus“ ofgewandelt ginn.

Déi Plaz huet effektiv quasi perfekt Viraussetzungen, vu dass se zentral geleeën a gutt ugebonn ass, den Terrain dem Staat gehéiert an u sech relativ direkt bebaut kéint ginn. Allerdéngs muss ee feststellen, dass sech an de leschte Jore relativ wéineg op dësem Site gedoen huet.

An deem Kader wollte mir dem Här Wirtschaftsminister folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Firmen sinn aktuell op dësem Site implantéiert? Wéi vill sinn der an de lëschte fënnef Joer derbäi komm?
  • Mat wéi ville Firmen ass den Här Minister am Gespréich fir se dohinner ze kréien?
  • Wat sinn d’Grënn, dass d’Entwéckelung vum Site bis elo net virugaangen ass?
  • Hält den Här Minister un der Iddi vu engem „Innovation Campus“ fest? Wat ass dat geneet Konzept fir de Site?
  • Wéi eng Efforten mécht den Här Minister fir de Site no de Prinzipe vun dësem Konzept z‘entwéckelen?“

Äntwert

Den Automobilsecteur am generellen an d’Mobilitéit am speziellen si prioritär Beräicher wann et drëms geet fir di national Wirtschaft ze diversifizéieren, mat engem starken Fokus op „Smart Mobility“. Besonnesch Aktivitéite ronderëm Fuerschung an Entwécklung an deene Beräicher schafe Plus-Valuen an Aarbechtsplazen. Dofir huet d’Regierung virun e puer Joer decidéiert fir zu Bissen e Campus ze schafen, deen der Innovatioun am Lëtzebuerger Automobilsecteur gewidmet ass. De Numm vun deem Site ass „Automobility Campus“.

Dësen Infrastrukturprojet schreift sech och an d’Politik vum Aménagement du territoire a fir wirtschaftlech Aktivitéite besser iwwer Land ze verdeelen an esou ze dezentraliséieren. Ursprénglech gouf d’Konzept vum Campus am « Haut Comité pour le soutien, le développement et la promotion de l’industrie » ënnert der Féierung vum Wirtschaftsministère elaboréiert, zesumme mat der ILEA (Industrie luxembourgeoise des équipementiers de l’automobile) an Luxinnovation, der nationaler Agence fir d’Promotioun vun der Innovatioun.

D’IEE war 2019 di éischt Firma di sech um Site zu Bissen niddergelooss huet andeems se hire Sëtz dohinner geplënnert huet an ee Fuerschungszenter do opgemaach huet. Duerno koum zum Beispill Luxprovide dohinner, di de Supercomputer MeluXina bedreift deen och vun der Automobilindustrie benotzt gëtt. Och den „Interdisciplinary Centre for Security, Reliability and Trust“ (SnT) vun der Uni Lëtzebuerg huet de Site zäitweileg benotzt fir do Tester mat Autoen ze maachen di ouni Chauffer fuere kënnen.

D‘Automobilindustrie ass zanter e puer Joer schonns am Ëmbroch. Gefierer di ee Motor hunn dee mat Bensinn oder Diesel funktionéiert ginn duerch Elektrogefierer ersat. Dowéinst ass den Automobilmarché ugespaant, een Zoustand deen duerch d’Koronakris an hir ekonomesch Suitten nach weider verstäerkt gouf. Besonnesch d‘Zouliwwerindustrie ass dovunner betraff vun där et vill Entreprisen hei am Land gëtt.

Lëtzebuerger an auslännesch Betriber sinn interesséiert fir sech um Campus zu Bissen nidder ze loossen, sinn hunn hier Decisioune fir esou e laangfristege Projet un ze goen a fir z’investéieren awer wéinst der ugespaanter Situatioun an der Automobilindustrie zeréck gestallt oder op spéider verluecht. Dat erkläert firwat d’Entwécklung vum Site di vergaange Jore bis elo esou net virugaangen ass wéi dat geplangt war.  

D’Regierung hält um Konzept vum Campus zu Bissen fest fir do e Site z’entwéckele fir innovativ Betriber aus der Automobil- an der Zouliwwerindustrie. Dofir gëtt och geschwënn mam Bau vun engem Incubateur fir Startuppen aus deene Beräicher ugefaangen, e Projet deen wéinst der Pandemie Retard krut. Déi zousätzlech Infrastruktur wäert mëttel- a laangfristeg zu der Attraktivitéit vum „Automobility Campus“ bäidroen. Dat Gebai kritt eng Surface vu ronn 5.000 m2 a soll no de Prinzippie vun der Kreeslafwirtschaft gebaut ginn a funktionéieren.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...