Wou ass d’Prozedur vum geplangte Wandrad zu Bierden drun?

Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wat sech am Dossier vum ëmstriddene Wandrad bei Bierden an der Lescht gedoen huet a wou d'Prozedur aktuell drun ass.

« Dat geplangte Wandrad tëscht Bierden a Waarken, um Territoire vun der Gemeng Ettelbréck, huet an de leschte Méint ëmmer nees fir Diskussioune gesuergt an ass op deels grousse Widderstand vu Bierger aus de concernéierte Gemenge gestouss.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Här Minister fir Energie  folgend Froe stellen :

  • Gouf et mëttlerweil en Austausch tëscht de Ministere mat de betraffe Bierger an hirer Vertriedung ?
  • Wa jo, wat fir Konklusioune goufe bei där Geleeënheet gezunn? Gouf et och schonn eng Entrevue mat dem Schäfferot vun Ierpeldeng-Sauer ?
  • Wou ass d’Geneemegungsprozedur vum geplangte Wandrad drun ? Fir wéini gëtt dermat gerechent, dass mat de Bauaarbechten ugefaange ka ginn ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...