Politik fonctionéiert nëmmen als Ekipp. Dofir wëlle mir Lëtzebuerg mat iech zesumme gestalten. Informatioune ginn et op eise Kommunikatiounsplattformen. Do gitt dir och gewuer, wou dir eis begéine kënnt a wéi dir konkret matschaffe kënnt.
Stay tuned
Ob am Print, am Audio oder am Video – am DP Magazin an an eisem Podcast Kaffispaus gitt dir méi iwwert eis Aarbecht an iwwert d’Käpp vun der DP gewuer. An eisem Live Q&A-Format An d’Blot gefrot kënnt dir eise Politiker är Froe stellen.
An den Ateliere vun der DP ass Plaz fir Iddien an Talenter. Mir setzen op déi politesch Entfalung an op Participatioun. An deene reegelméissege Workshoppen a Formatioune wëlle mir zesummen iwwer politesch Themen diskutéieren, Positiounen ausschaffen an Erfarungen austauschen.
Du wëlls eng Kéier d’Chamber vu ganz no erliewen? D’Deputéiert vun der DP organiséiere reegelméisseg Chambersvisitten: Du kanns do e Bléck hannert d’Kulisse vun der Politik geheien a kriss gewisen, wéi d’Aarbecht am Parlament ofleeft. Donieft ginn et Erklärungen zur Geschicht vum Chambersgebai an och déi eng oder aner Anekdot.