Pierre Gramegna

Zolidd Reserve virun der Kris opgebaut

Déi ablécklech Situatioun vun eisem Land ass sonner Zweiwel aussergewéinlech.

Eis Staatsfinanzen sinn den Ament awer relativ gesond, well de Finanzminister Pierre Gramegna déi lescht Joren eng wäitsiichteg Finanzpolitik gemaach huet, déi eis – am Géigesaz zu de meeschten aneren EU-Staaten – méi Sputt ginn huet fir an dëser Kris de Leit an der Wirtschaft zur Säit ze stoen.

2018 an 2019 huet de Staat nämlech net nëmmen en Iwwerschoss am Gesamtstaat gemaach, ma och am Zentralstaat. Dat hate mer neméi zanter der Bankekris vun 2008.

Eis Staatsschold wier ouni Coronakris op manner ewéi 20% Schold par Rapport zum PIB zeréckgaangen. Dat ass e bessere Wäert ewéi déi ronn 24% vu virun der éischter Regierung ënnert dem Premier Xavier Bettel vun 2013.

Mat deem Sputt hu mir en ambitiéise Stabiliséierungs- a Relanceplang opgestallt, ewéi soss ganz wéineg EU-Staaten.

Dat war ganz wichteg fir duerch d‘Kris ze kommen a fir d’Relance ze beschleunegen. D’Zil vun dësen Investissementer ass et fir eist Land méi resilient ze maachen: ekologesch, sozial an ekonomesch.

Doriwweraus weist de Budget 2021, datt d’DP d’Land weider op d‘Zukunft preparéiert. De Budget 2021 steet fir eng positiv Entwécklung am Logement, fir konsequent a solidaresch Investissementer, fir Nohaltegkeet an der Attraktivitéit vun eisem Land. Eis Investissementer si mat der Kris méi héich ewéi 2019. Dat seet alles!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...