Staark an d’Gemengewalen

D’Demokratesch Partei trëtt mat 658 Kandidaten a 47 Lëschten bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 un.

Dat sinn 90 Kandidaten a 4 Lëschte méi ewéi bei de leschte Gemengewale vum 4. Oktober 2017. 623 Kandidaten trieden a Proporzgemengen un. 35 Membere kandidéieren a Majorzgemengen.

Den Altersduerchschnëtt vun den DP-Kandidate läit bei 46,8 Joer. Méi wéi ee Véierel vun de Kandidaten (170) huet manner wéi 36 Joer.

Den Undeel vun de Fraen op den DP-Lëschten ass géintiwwer 2017 an d’Luucht gaangen a läit 2023 bei 37,1%.

Mir freeën eis iwwer déi héich Unzuel u Lëschten a Kandidate mat där d’DP bei dëse Gemengewalen untrëtt. Et ass ee kloert Zeechen dofir, datt eis Partei breet opgestallt an déif an eise Gemenge verwuerzelt ass. Ënnert dem Slogan No bei dir. setzen sech eis Kandidate fir biergerno, nohalteg a liewenswäert Gemengen an, déi d’Liewensqualitéit vun alle Awunner an de Mëttelpunkt stellen, esou d’DP-Generalsekretärin Carole Hartmann. An hirem Kaderwalprogramm fir d’Gemengewalen huet d’DP folgend Prioritéiten definéiert: d’Stäerke vum sozialen Zesummeliewen, d’Virundreiwe vun enger nohalteger Klima- an Ëmweltpolitik, d’Moderniséiere vun der kommunaler Infrastruktur, esou wéi d’Fërdere vun engem attraktiven Eenzelhandel a biergernoen Déngschtleeschtungen an der Gemeng.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...