Staark an d’Gemengewalen

D’Demokratesch Partei trëtt mat 658 Kandidaten a 47 Lëschten bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 un.

Dat sinn 90 Kandidaten a 4 Lëschte méi ewéi bei de leschte Gemengewale vum 4. Oktober 2017. 623 Kandidaten trieden a Proporzgemengen un. 35 Membere kandidéieren a Majorzgemengen.

Den Altersduerchschnëtt vun den DP-Kandidate läit bei 46,8 Joer. Méi wéi ee Véierel vun de Kandidaten (170) huet manner wéi 36 Joer.

Den Undeel vun de Fraen op den DP-Lëschten ass géintiwwer 2017 an d’Luucht gaangen a läit 2023 bei 37,1%.

„Mir freeën eis iwwer déi héich Unzuel u Lëschten a Kandidate mat där d’DP bei dëse Gemengewalen untrëtt. Et ass ee kloert Zeechen dofir, datt eis Partei breet opgestallt an déif an eise Gemenge verwuerzelt ass. Ënnert dem Slogan „No bei dir.” setzen sech eis Kandidate fir biergerno, nohalteg a liewenswäert Gemengen an, déi d’Liewensqualitéit vun alle Awunner an de Mëttelpunkt stellen”, esou d’DP-Generalsekretärin Carole Hartmann. An hirem Kaderwalprogramm fir d’Gemengewalen huet d’DP folgend Prioritéiten definéiert: d’Stäerke vum sozialen Zesummeliewen, d’Virundreiwe vun enger nohalteger Klima- an Ëmweltpolitik, d’Moderniséiere vun der kommunaler Infrastruktur, esou wéi d’Fërdere vun engem attraktiven Eenzelhandel a biergernoen Déngschtleeschtungen an der Gemeng.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Stëmm fir Recht a Solidaritéit

D’Fräiheet verdeedegen, Partnerschafte stäerken an d’Interessie vu Lëtzebuerg an enger onsécherer Welt vertrieden: Dat waren d’Schwéierpunkte vum Vize- an Ausseminister Xavier Bettel senger Deklaratioun zur Aussepolitik.

weiderliesen...

Am Dialog zu Munneref

D’Ministere Xavier Bettel a Lex Delles, souwéi d’Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum stoungen de Biergerinnen a Bierger de 27. Oktober 2026 Ried an Äntwert.

weiderliesen...

Am Dialog zu Veianen

Gutt zwou Stonne laang hunn d’Leit mat de Ministere Xavier Bettel an Eric Thill a mat den Nord-Deputéierten André Bauler a Marc Hansen iwwer d’Zukunft vun der Regioun an iwwer d’Erausfuerderunge fir eist Land diskutéiert.

weiderliesen...