Agroforstwirtchaft: eng Léisung fir dem Klimawandel besser ze widderstoen?

Déi global Erderwiermung an ëmmer méi heefeg Dréchenten hunn negativ Konsequenze fir de landwirtschaftlechte Buedem zu Lëtzebuerg. Agroforstwirtchaft kéint eng Léisung sinn fir eisem Buedem géint d'Dréchent ze hëllefen. An dësem Kontext huet den DP-Deputéierten André Bauler de Landwirtschaftsminister no méi Informatioune iwwert Agroforstwirtchaft gefrot.

Déi lescht waarm Summeren haten en negativen Impakt op d’Produktivitéit vun eiser Landwirtschaft. Duerch de Klimawandel riskéiere mer, dass et ëmmer méi oft zu Drécheperiode kënnt, wouduerch och den Ertrag op de Felder erofgeet.

Eng Méiglechkeet fir d’Situatioun ze verbessere kéint de System vun der Agroforstwirtschaft sinn. Forst- a Landwirtschaft ginn heibäi matenee kombinéiert. Beem an Akerkulturen, Wisen oder Weede ginn an engem Gebitt sou kombinéiert, datt et gläich gutt fir d’Landwirtschaft, d’Natur an de Klima ass.

Felder iwwersti länger Dréchente besser, well de Mikroklima um Feld ënner dem Schutz vun de Beem verbessert gëtt a manner Waasser verdonst. Aner Virdeeler vum Agroforstsystem sinn de Schutz vum Buedem virun Erosioun, de Schutz vum Grondwaasser a vun der lokaler Biodiversitéit.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Gëtt et hei zu Lëtzebuerg e Programm fir dës Bewirtschaftungsform ze fërderen ?
  • Wa jo, wou lafe sou Programmer a wéivill Hektar si betraff ?
  • Wat fir Beem ginn haaptsächlech ugeplanzt fir d’Wise wärend enger Dréchent ze schützen ?
  • Soll d’Agroforstwirtschaft am Kader vum nächsten Agrargesetz finanziell ënnerstëtzt ginn ?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...

Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin

Eisem Land feelt et un Aarbechtsdokteren. De Koalitiounsprogramm gesäit dowéinst eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Aarbechtsdokteren aktuell hei am Land schaffen, wéi d’Altersstruktur vum Beruffsstand ausgesäit a wéi d’Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin kéint ausgesinn?

weiderliesen...