E gutt gefëllte Sall am Kinepolis, vill aktuell Themen an den direkten Austausch mat de Biergerinnen a Bierger. En Dënschdeg, de 17. November 2026 war de Motto um Belval: „Wéi schafe mir fair Chancë fir jiddereen?“ De Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel, den Educatiouns- a Logementsminister Claude Meisch an d’Süd-Deputéiert Barbara Agostino, Mandy Minella, Luc Emering a Gusty Graas waren um Rendez-vous. Moderéiert gouf den Owend vum Claire Pepin.

Do, wou fréier Stol produzéiert ginn ass an haut en Zentrum fir Wëssen, Fuerschung a Wirtschaft steet, huet de Xavier Bettel un d’Fäegkeet vu Lëtzebuerg erënnert, sech ëmmer nees nei z’erfannen. De soziale Fortschrëtt an den Zesummenhalt wieren dobäi entscheedend gewiescht. Och haut misst d’Politik Äntwerten op déi konkret Suerge vun de Leit fannen, ouni sech zu einfachen, populistesche Versprieche verleeden ze loossen.

„Den Ënnerscheed tëschent engem Demokrat an engem Populist ass, dass den Demokrat op déi einfachst Froen dacks komplizéiert Äntwerten huet. An de Populist op déi komplizéiertst Froen déi einfachst Äntwerten.“ – Xavier Bettel

De Jonken eng Zukunft bidden

De Logement war ee vun den zentrale Sujete vum Owend. De Claude Meisch huet Verständnis fir d’Ongedold vun de Jonken, déi ëmmer méi dacks dorunner zweifelen, sech eng Wunneng leeschten ze kënnen. D’Regierung géif dofir massiv an den erschwéngleche Wunnengsbau investéieren; 2027 méi wéi dräimol esou vill wéi nach 2023. Nieft spezifesche Wunnprojete fir jonk Erwuessener soll och d’Subvention d’intérêt fir jonk Éischtkeefer ëm d’Hallschent erhéicht ginn.

„Wa mer deene Jonken zu Lëtzebuerg keng Zukunft bidden, keen Doheem bidden, keng Plaz, wou se sech wuel fillen an hiert Liewen opbaue kënnen, da feelt dësem Land eppes.“ – Claude Meisch

Eng konkret Fro aus dem Public huet sech mat de Risike beim Kaf vun enger Wunneng um Plang (VEFA) beschäftegt. De Minister huet erkläert, dass un enger Gesetzreform geschafft gëtt, déi de Keefer méi Sécherheet soll ginn. Am Fall vun enger Faillite vum Promoteur misst garantéiert sinn, dass d’Wunneng och wierklech fäerdeg gebaut gëtt.

Eng Schoul, déi all Kand eng Chance gëtt

Fair Chancë fänken an der Schoul un. De Minister huet drop higewisen, dass vill Kanner mat ënnerschiddleche sproochleche Viraussetzungen an d’Schoul kommen. D’Sprooch, déi doheem geschwat gëtt, dierft net iwwer de spéidere schoulesche Succès entscheeden.

D’Deputéiert Barbara Agostino huet iwwerdeems fir eng méi grouss Unerkennung vun der Beruffsausbildung plädéiert. Net all Jonke misst op d’Universitéit goen. Mat der Reform vun der Beruffsausbildung ginn ë.a. d’Léier-Indemnitéite méi eenheetlech, d’Betriber besser ënnerstëtzt an d’Roll vun den Tuteure gestäerkt.

„Eng Beruffsausbildung ass e Choix. An deen ass net manner wäert wéi eng akademesch Ausbildung.“ – Barbara Agostino

D’Entlaaschtung vun de Familljen huet sech wéi e roude Fuedem duerch den Owend gezunn. D’Barbara Agostino huet d’Reform vum Chèque-service accueil presentéiert, déi vum nächste Joer u soll gräifen. Duerch méi transparent Tariffer, d’Ofschafe vu verschidde Supplementen an eng besser Ofrechnung vun de reelle Betreiungsstonne sollen d’Elteren ëm 79 Milliounen Euro d’Joer entlaascht ginn. Gläichzäiteg gëtt an d’Qualitéit an an den Ausbau vun de Betreiungsstrukturen investéiert.

Eng Fro vu Solidaritéit a Gerechtegkeet

D’Deputéiert Mandy Minella huet d’Erhéijung vum Kannergeld ervirgehuewen, déi fir Januar virgesinn ass: Plus 45 Euro de Mount fir Kanner ënner 12 Joer a 60 Euro méi fir Kanner ab 12 Joer. Dat géif de Famillje méi Sputt ginn, z.B. fir Sport, Musek a Kultur. Gläichzäiteg misst de Staat déi Mënschen nach méi geziilt ënnerstëtzen, déi finanziell Krämpes hunn. Den Aktiounsplang géint d’Aarmut soll d’Hëllefe besser accessibel maachen.

En anere Schwéierpunkt vun der Mandy Minella war déi mental Gesondheet vun de Kanner a Jugendlechen. D’Deputéiert huet virun de Gefore vun exzessiver Smartphone-Notzung, Cybermobbing a problemateschen Inhalter op de soziale Medie gewarnt a sech fir eng Altersgrenz vu 16 Joer bei Social Media ausgeschwat.

„Mir mussen déi Jonk schützen. Mir däerfen d’Elteren awer och net am Ree stoe loossen.“ – Mandy Minella

Klimaschutz, dee bei de Leit ukënnt

Wéi kann d’Energietransitioun glécken, ouni d’Leit finanziell z’iwwerfuerderen? Fir de Luc Emering läit e wichtegen Deel vun der Äntwert an der Vereinfachung vun de staatlechen Hëllefen. Mat der Virfinanzéierung vu Photovoltaikanlage misst de Bierger net méi déi ganz Investitioun aus eegener Täsch virstrecken. Vun 2027 u soll dee Prinzip och bei Wärmepompele gëllen.

De Gusty Graas huet de Schutz vun de Waasserressourcen an d’Biodiversitéit an de Mëttelpunkt gestallt. Besonnesch bei eise Gewässer géif et nach vill ze dinn. Méi modern Kläranlagen an d’Renaturéierung vu Baachen a Flëss kéinten hei vill bewierken. Trotz den Erausfuerderunge vum Klimawandel misst een optimistesch bleiwen an handelen.

„Mir däerfen net an eng kollektiv Depressioun verfalen. Mir hunn nach Zäit, eng Kurskorrektur ze maachen.“ – Gusty Graas

De Luc Emering huet och d’Roll vun der Landwirtschaft ervirgehuewen. Fir méi nohalteg a biologesch ze produzéieren, bräichten d’Baueren zemol besser Weeër, fir hir Wueren ze verkafen an och fair Präisser. De System vu Restopolis an de Schoulen, dee lokal a biologesch Produite fërdert, kéint do als Virbild fir aner ëffentlech Strukturen déngen, beispillsweis fir d’Spideeler.

„De Bauer hätt gär, dass säi Produit zu engem faire Präis ka verkaf ginn. Dat ass vill méi wichteg fir de Betrib wéi iergendeng Primm oder Hëllef.“ – Luc Emering

Sécherheet an enger Welt a Beweegung

De Xavier Bettel huet d’Bedeitung vum internationale Recht, vun der Diplomatie a vun enger staarker europäescher Zesummenaarbecht ënnerstrach. Fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg wier eng international Uerdnung, déi op gemeinsame Reegelen a géigesäitegem Respekt baséiert, fundamental.

De Gusty Graas huet erkläert, firwat Lëtzebuerg an Europa hir Efforten an der Verdeedegung mussen erhéijen. D’Ënnerstëtzung vun der Ukrain an d’Investitiounen an d’Sécherheet géifen net nëmmen dem Schutz vun engem eenzele Land déngen, mee och dem Fridden an der Fräiheet an Europa.

Um Enn war de Message vum Owend kloer: Politik däerf net nëmme virun de Walen den Dialog sichen. De Xavier Bettel huet deene ville Leit Merci gesot, déi op engem Dënschdegowend Zäit haten, fir sech mat de Froen iwwer d’Zukunft vum Land auserneenzesetzen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Stëmm fir Recht a Solidaritéit

D’Fräiheet verdeedegen, Partnerschafte stäerken an d’Interessie vu Lëtzebuerg an enger onsécherer Welt vertrieden: Dat waren d’Schwéierpunkte vum Vize- an Ausseminister Xavier Bettel senger Deklaratioun zur Aussepolitik.

weiderliesen...