Am Spotlight – Claire Sertznig

Dës Kéier am Spotlight: d’Claire Sertznig, déi nei DP-Conseillère am Maacher Gemengerot.

D’Duechter vun hirem Virgänger René Sertznig huet vun doheem aus fréi Kontakt mat der Politik gehat. Dofir ass et kee Wonner, datt d’Claire sech fir d’éischt an der JDL an dono an der Gemengepolitik engagéiert huet.

Bei de leschte Gemengewalen ass hatt direkt als 4. op der DP-Lëscht gewielt ginn an huet elo also d’Successioun vu sengem Papp iwwerholl.

D’Claire huet 27 Joer an huet internationale Weinwirtschaft op der Universität Geisenheim studéiert. Hatt schafft am Institut Viti Vinicole als Gestionnaire de Projets fir Marketing & Kommunikatioun.

Wat ass wichteg am Liewen an an der Politik fir d’Claire Sertznig? Wat si seng politesch Schwéierpunkte fir d‘Zukunft? Wat ass d’Entwécklungspotenzial vun der Maacher Gemeng? Doriwwer hu mir mam Claire Sertznig geschwat.

“Éierlechkeet an Zouferlässegkeet si fir mech essentiell Eegenschaften: Am Liewen an an der Politik”

Claire, wat ass fir dech wichteg an der Politik an an dengem perséinleche Liewen?

Politik muss praktesch a liewensno Léisunge fir d’Bedürfnisser an d’Uleies vun de Bierger fannen. Léisungen, déi novollzéibar sinn. Aaner Komponente sinn Equippegeescht, grad ewéi Éierlechkeet an Zouverlässegkeet. Dat si fir mech essentiell Eegenschaften: am Liewen an an der Politik.

Wat sinn deng politesch Schwéierpunkte fir d’Zukunft?

Mir brauche virum allem eng kloer Prioritéitelëscht an der Gemeng. D’Majoritéit stëmmt dacks gréisser Projeten, déi awer net bis zum Schluss duerchgeplangt sinn. Dowéinst kënnt et des Ëfteren zu zousätzleche Käschten. Oder et ginn aner Projeten decidéiert, déi net an enger laangfristeger Strategie virgesi waren, an déi domat wichteg Projeten, wéi d’Gestaltung vun der Maartplaz, onnéideg no hanne réckelen.

Ee gutt Beispill fir eng feelend Strategie ass den ënnerierdesche Parking vum  neie Kulturzentrum – eng laang Fuerderung vun der Maacher DP. Bei deem Projet suergen elo nodréiglech Ännerunge vun de Pläng fir Retard an zousätzlech Käschten.  

Wéi ee Potential gesäis du fir d’Zukunft vu Maacher?

Mir sinn eng jonk, dynamesch Gemeng, déi awer eng nei, zukunftsorientéiert Politik brauch. An eiser Wäigéigend – matten an de Wéngerten – denken ech och do besonnesch un d’Entwécklung vum Oeno-Tourismus: Mat lokalen a regionale Parcoursen, an deenen d’Landschaft, de Wäin, de Wënzer an d’Restauratioun mat all hire Spezifizitéiten am Mëttelpunkt stinn. Dat ass en nohaltegen Tourismus, dee positiv Auswierkungen op d’Liewensqualitéit vun de Bierger an op eng grouss Unzuel vu Betriber a Sekteren huet, d.h. deen déi regional Ekonomie stäerkt.

Ech denken och un eng méiglech Fusioun mat anere Gemengen, un eng besserer Vernetzung vum ëffentlechen Transport an un abordabele Wunnraum, fir datt besonnesch déi mi jonk Leit kënnen zu Maacher bleiwen an net mussen an Däitschland wunne goen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...