Landwirt

Ass d’Landwirtschaft och vun der Präishausse vu verschiddene Materialie betraff?

Aktuell stellt een en zolitte Wuesstem bei de Präisser vu verschiddene Materialie fest. Den DP-Deputéierten André Bauler freet de Landwirtschaftsminister ob och eis Baueren, Gäertner ran assimiléiert Betriber dovunner betraff sinn. Zudeem freet hien ob et bei verschidde Produkter zu Liwwerenkpäss komm ass an ëm wat fir Produkter et sech handelt.

Am Moment stelle mer en zolitte Wuesstem bei de Präisser vu verschiddene Materialien fest. Holz, Stol an aner Matière si spierbar méi deier ginn.

Virun deem Hannergrond wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister folgend Froe stellen:

  1. Sinn eis Baueren, Gäertner an assimiléiert Betriber och vun dëser Präishausse betraff?
  2. Wa jo, wat fir Produkter a Projete sinn do spezifesch betraff?
  3. Gëtt et och Liwwerenkpäss mat deenen d’Tëschenhändler vun eisem landwirtschaftleche Secteur ze kämpfen hunn?
  4. Wa jo, bei wat fir enge Produkter ass dat de Fall? Sinn déi Enkpäss a Präishaussen éischter temporär oder musse mer eis mëttelfristeg op eng spierbar Inflatioun am Secteur astellen?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini kënnt d’Pollen-App ?

De Gesondheetsministère hat annoncéiert, datt ugangs 2020 eng gratis App sollt ugebuede ginn, déi de Bierger Informatiounen iwwert d’Pollenkonzentratioun an der Loft liwwert.

No iwwer dräi Joer gëtt et déi App nach ëmmer net. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Aarbechten un dëser App dru sinn a wien mat hirer Entwécklung beoptragt ginn ass ?

weiderliesen...

Wäert Europa deemnächst méi séier handele kënnen?

Op Initiativ vun Däitschland hunn sech 10 europäesch Memberstaate an engem ‘Frëndeskrees’ zesummegedoen, fir Entscheedunge mat enger qualifizéierter Majoritéit ze promovéieren. Och Lëtzebuerg ass Deel vun dësem Grupp. Wat ass den Impakt heivun an Europa? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei Ausseministère nogefrot.

weiderliesen...

Ass de Grupp Wagner eng Terrororganisatioun ?

De 9. Mee huet déi franséisch Assemblée générale an enger Resolutioun dozou opgefuerdert, de Grupp Wagner an d’Lescht vun den Terrororganisatiounen opzehuelen. Wéi steet eisen Ausseministère zu dëser Demande ? Wäert Lëtzebuerg nozéien ? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...