Bäihëllefen am Logement besser geréieren

Vum nächste Joer u ginn et Ännerunge bei de Bäihëllefen am Logement. Virop gëtt aus dem Service des aides au logement – dee bis elo am Logementsministère ënnerbruecht war – eng eegestänneg Administration des aides au logement. Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum huet haut an der Chamber den entspriechende Gesetzprojet rapportéiert.

Mat der Reform kënnen d’Dossieren, also d’Hëllefe fir d’Leit, an Zukunft méi séier verschafft ginn. Dat ass net vu Muttwëll, well an de leschten 10 Joer sinn ëmmerhi 436 Milliounen Euro un Aiden zu Lëtzebuerg ausbezuelt ginn. Am Joer 2024 waren et 32 Milliounen Euro fir d’Subvention Loyer an 18 Millioune fir d’Subvention d’intérêts.

De Service, deen dacks eng éischten Ulafstell fir déi betraffe Leit ass a vill sollicitéiert gëtt, bekëmmert sech haaptsächlech ëm d’Gestioun vun de Wunnengsbäihëllefen an ëm d’Berodung vun de Betraffenen, déi déi Hëllef ufroen. Dobäi kënnt nach d’Ausschaffe vu Statistiken, déi dem Ministère bei der Gestaltung vu senger Wunnengspolitik hëllefen. Fir déi intern Gouvernance vun der neier Verwaltung ze garantéieren, sinn een Direkter an zwee Adjointe virgesinn.

De Switch zu enger Verwaltung wäert dofir suergen, fir méi eegestänneg, effikass an autonom schaffen ze kënnen, wat dann erëm de Service um Bierger verbessert. Esou musse vum anere Joer u vill Dossieren net méi op de Ministère geschéckt gi wéi bis elo, ma si kënnen direkt intern an der neier Verwaltung verschafft ginn.

Zousätzlech gëtt d’Digitalisatioun verbessert, wouduerch d’Aidë méi séier kënnen ausbezuelt ginn. Den Ament mécht de Service net manner ewéi 20.000 Virementen de Mount.

D’DP ënnerstëtzt d’Reform vun der Aide au logement, well si am Endeffekt deene schwächste Mënschen um Wunnengsmaart ënnert d’Äerm gräift.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Kompass fir d’Jugendpolitik

Den 9. Mäerz 2026 huet den Educatiouns- a Jugendminister Claude Meisch de véierten nationale Jugendbericht virgestallt. Dëse beliicht d’Liewensrealitéit vu Jonken tëscht 12 an 29 Joer zu Lëtzebuerg a liwwert eng wichteg Grondlag fir eng modern a responsabel Jugendpolitik.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm déi nei Hëllef fir Famillje mat niddregem Akommes, d’Ausbezuele vun de Subventions de loyer a villes méi.

weiderliesen...

Gerechtegkeet fir all Elteren

An enger Question élargie an der Chamber huet d’DP-Deputéiert Corinne Cahen haut bei der Justizministesch nogefrot, wou d’Aarbechten um automateschen Unerkennungsrecht fir homoparental Koppelen am Kader vun der PMA (procréation médicalement assistée) dru sinn.

weiderliesen...

Besser Remuneratioun an der Arméi

Wéinst der ugespaanter internationaler Lag an den NATO-Verpflichtunge vu Lëtzebuerg gëtt den Effektiv vun eiser Arméi an deenen nächste Joren ausgebaut. Den DP-Deputéierte Marc Hansen huet haut zwee Gesetzestexter an der Chamber presentéiert.

weiderliesen...