ministère agriculture

Benotzen vum Regierungslogo fir eegen Zwecker legal?

Kierzlech hunn dräi Associatiounen eng Annonce geschalt wou si de Logo vum Landwirtschaftsministère fir hir Zwecker benotzt hunn, esou datt de Lieser kéint mengen et wier eng offiziell Matdeelung vun der Regierung. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet beim Landwirtschaftsminister nogefrot ob dat legal ass a wat dëse gedenkt ze ënnerhuelen.

« Les trois associations « Greenpeace Luxembourg », « Mouvement écologique » et « natur&ëmwelt asbl » ont publié une annonce le 1er décembre dans la presse nationale qui semble vouloir induire le lecteur en erreur. En effet, l’entête de l’annonce reproduit le logo officiel des ministères luxembourgeois en changeant l’intitulé du ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural en « Ministère de l’Agriculture durable ». Le ministère concerné a déjà réagi par communiqué de presse pour se distancier de l’annonce et pour dénoncer la manière de communiquer desdites associations.

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural :

  • Est-ce légal de reproduire le logo officiel du Gouvernement pour induire le lecteur en erreur ?
  • Dans la négative, est-ce que Monsieur le Ministre compte entreprendre des démarches supplémentaires contre ces trois associations ?
  • Quelle est l’attitude de Monsieur le Ministre face à cette manière de communiquer ?»

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...