Booster(en) fir de Wunnengsbau

Dëse Mëttwoch, 15. Juli 2026 huet d’Chamber zwee Gesetzer gestëmmt, déi hëllefen den erschwéngleche Wunnraum auszebauen. Et ass wichteg, datt d’Acteuren, déi abordabel bauen oder sech ëm d’Gestioun bekëmmeren, och deementspriechend ënnerstëtzt ginn. Souwuel finanziell wéi och mat enger anstänneger Berodung. 

Sou sinn engersäits verschidde Remuneratioune fir déi ronn 100 Gemengen opgemaach ginn, déi et bis elo nach net gouf. Domat ass déi finanziell Kompensatioun garantéiert, wann si op hirem Terrain abordabel Logementer bauen, an duerch e bessere Service ginn si an de verschiddenen Etappe begleet. De Logementsminister Claude Meisch:

„Well mer d’Gemengen hei mat eranhuelen, hu mer elo 100 ëffentlech Promoteure méi am Land.“

Gläichzäiteg sinn och eng Rei Upassunge bei den Attributionskrittäre gemaach ginn. Hei ass virun allem ervirzesträichen, datt et de Monoparentalen elo méi einfach gemaach gëtt, eng erschwénglech Wunneng ze fannen. Genee dës Leit sinn dacks finanziell an enger prekärer Situatioun. 

Och d’Gesetz vum Fonds du Logement gouf un d’Realitéite vun haut ugepasst. Sou gouf déi intern Organisatioun verbessert an d’Missioune vun dësem wichtege soziale Promoteur präziséiert.

D’Ännerunge kommen net vun ongeféier, well d’Gemengeresponsabel souwéi d’Acteuren, déi am soziale Beräich aktiv sinn, genee wëssen, wat um Terrain passéiert.

(Foto © MFIN)

Eng Prioritéit vun der Regierung

En Donneschdeg huet d’Regierung dann de sougenannte Booster fir de Wunnengsbau presentéiert. Dëse Mesurëpak leeft ënnert der Devis „Méi bauen. Méi erschwénglech. Méi Wunnengen.“, a wierkt sech op de Finanzement, den Investissement an d’Konstruktioun aus, fir konkret an nohalteg eppes am Logement ze bewierken.

Mat de 7 Mesurë geet een zum Deel nei Weeër, wéi de Logementsminister Claude Meisch betount huet.

„Et ass déi éischt Kéier, dass steierlech Moossnamen am Logement u sozial Krittäre gebonne sinn. Besonnesch Jonker a jonk Famillje solle gestäipt ginn, an nach méi Wunnengen zu abordabele Loyeren op de Locatiounsmarché kommen. Et ass en Invest an d’Zukunft.“

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm d’Lutte géint Gewalt, d’Situatioun beim Entreprenariat oder och nach den Anniversaire vun enger Kulturinstitutioun.

weiderliesen...

Flexibilitéit a Schutz vum Salarié verknäppen

An der Konsultatiounsdebatt iwwer déi geplangten Aarbechtszäitorganisatioun huet d’DP-Presidentin Carole Hartmann dëse Mëttwoch an der Chamber begréisst, datt un engem Aktiounsplang geschafft gëtt, fir d’Kollektivvertragswiesen zu Lëtzebuerg ze stäerken, esou wéi d’EU-Obligatiounen dat virgesinn.

weiderliesen...