Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

Fro

„Eng ganz Rei Entreprisë sinn Demandeur fir am Kader vu landwirtschaftleche Bauten an der Gréngzone Material ze concasséieren fir dëst um Site anzebauen.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit follgend Froe stellen:

  • Kann den Här Minister eis am Detail matdeelen, wat am Kader vun Naturschutzautorisatiounen, wéi och fir d‘Prozedure betreffend Kommodo-Reglementatioune fir mobile Concasseuren, verlaangt gëtt?
  • Ass eng Naturschutzautorisatioun noutwendeg?
  • Wa jo, wat sinn déi genau Krittären, déi den Demandeur muss erfëllen, a wéi eng juristesch Basis hunn dës?

Am Reglement vum 17. Februar 2006, betreffend „la mise en décharge des déchets » p. 712 (déchets inertes type 2), ass ausdrécklech vermierkt, datt recycléiert Material, fir beispillsweis Haffflächen ze bauen, am Sënn vun der Économie circulaire bevirdeelegt genotzt soll ginn.

  • Firwat gëtt net par définition an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn, konform zum uewe genannte  Reglement, an deem d’Leit opgefuerdert ginn „concassé naturel de carrière“ ze verbauen?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

D’Participatioune vum Staat

De liberalen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister gefrot wéi eng Participatiounen de lëtzebuerger Staat huet, wéi sech dës iwwer d’Zäit verännert hunn an wéi eng Stratégie dohannert stécht.

weiderliesen...

Keen Accès zu biologesche Resultater vun der LëtzHBM-Etüd ?

Bei der Etüd « LëtzHBM » vum LNS gi biologesch Prouwen an Ëmweltprouwen erhuewe fir d’Präsenz vu chemesche Substanzen doheem bei Privatpersoune festzestellen. D’Resultater vun de biologesche Prouwe ginn, anescht wéi vun den Ëmweltprouwe, ginn de Participanten net systematesch kommunizéiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot firwat dës Resultater net matgedeelt ginn an ob dat konform zum Dateschutzreglement ass.

weiderliesen...