Dat internationaalt Recht an d’Mënscherechter präge weider d’Lëtzebuerger Diplomatie

A senger éischter Deklaratioun zur Lëtzebuerger Aussepolitik huet de Ressortminister Xavier Bettel en Dënschdeg den Iwwerschlag iwwert déi international geopolitesch Situatioun gemaach.

De Chef vun der Lëtzebuerger Diplomatie huet vun turbulenten Zäite geschwat, déi vun de Krisen an der Ukrain an am Noen Osten dominéiert ginn. Wat d’Auswierkunge vun de Changementer un der Spëtzt vun den USA betreffen, huet de Xavier Bettel ënnerstrach, datt de Multilateralismus, zesumme mat der UNO, déi wichtegsten Instrumenter fir e friddlecht Matenaner vun der Weltgemeinschaft bleiwen. Dofir wir et och esou wichteg, datt den Ausseministère Hand an Hand mat der Defense zesummeschaffe géing. Nom Motto: Defense, Diplomatie, Developpement. D’EU iwwerdeems misst sech um Rimm rappen, fir méi kohärent no baussen opzetrieden.

Ukrain

Wat de russesche Krich géint d’Ukrain betrëfft, huet den Ausseminister vun enger ganz komplizéierter Situatioun geschwat, an där d’EU an de ganz Weste misste weider zesummestoen an d’Ukrain ënnerstëtzen. Dëse Konflikt misst um Enn duerch Verhandlungen zu engem Friddensaccord féieren. Viraussetzung dofir wier d’Unerkennung vun der ukrainescher Souveränitéit duerch Russland. An dësem Krich géing och d’Sécherheet vun Europa um Spill stoen. De Xavier Bettel hofft op alle Fall op dauerhafte Fridden an der Ukrain an och am Noen Osten.

Noen Osten

An der Kris tëschent Israel an der Hamas an dem Hezbollah gesäit de Xavier Bettel keen nohaltege Fridden ouni d’USA an ouni eng Zweestaateléisung. Dat wier och de Grond, firwat et wichteg wier, bei all Geleeënheet d’Lëtzebuerger Ënnerstëtzung fir d’Zweestaateléisung auszedrécken. Den Ausseminister huet d’Verbonnenheet vu Lëtzebuerg mat Israel ënnerstrach, huet awer an engem insistéiert, datt dee Krich endlech misst ophéieren. Dofir bräicht een direkt Verhandlungen an eng Wafferou, grad ewéi d’Liberatioun vun den israeelesche Geiselen.

EU

De Chef vun der Lëtzebuerger Diplomatie huet begréisst, datt déi nei Kommissioun Von der Leyen hire Fokus op d’Stäerkung vum EU-Bannemaart a vu senger Kompetitivitéit leet: „D’Vereinfachung vun de Prozeduren, déi vollstänneg a korrekt Ëmsetzung vum gemeinsamen Acquis a weider Efforten, fir aus där grénger an digitaler Transitioun eng europäesch Erfollëgsgeschicht ze maachen, si wichteg Prioritéiten“.

Schengen

De Lëtzebuerger Ausseminister huet schliisslech ënnerstrach, datt eist Land bal 40 Joer no der Signature vum Schengener Accord onbedéngt misst weider fir oppe Grenzen an Europa antrieden: „Grad als Lëtzebuerg sti mir hei besonnesch an der Verantwortung, fir ëmmer nees ze betounen, datt d’Schengener Ofkommes wäit iwwer Lëtzebuerg eraus, eent vun de wichtegsten, europäesche Symboler ass, dat am Alldag gelieft gëtt“. Schenge géing nämlech fir vill Bierger fir Europäesch Eenheet a Fräiheet stoen, esou nach de Xavier Bettel.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Kompass fir d’Jugendpolitik

Den 9. Mäerz 2026 huet den Educatiouns- a Jugendminister Claude Meisch de véierten nationale Jugendbericht virgestallt. Dëse beliicht d’Liewensrealitéit vu Jonken tëscht 12 an 29 Joer zu Lëtzebuerg a liwwert eng wichteg Grondlag fir eng modern a responsabel Jugendpolitik.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm déi nei Hëllef fir Famillje mat niddregem Akommes, d’Ausbezuele vun de Subventions de loyer a villes méi.

weiderliesen...

Gerechtegkeet fir all Elteren

An enger Question élargie an der Chamber huet d’DP-Deputéiert Corinne Cahen haut bei der Justizministesch nogefrot, wou d’Aarbechten um automateschen Unerkennungsrecht fir homoparental Koppelen am Kader vun der PMA (procréation médicalement assistée) dru sinn.

weiderliesen...

Besser Remuneratioun an der Arméi

Wéinst der ugespaanter internationaler Lag an den NATO-Verpflichtunge vu Lëtzebuerg gëtt den Effektiv vun eiser Arméi an deenen nächste Joren ausgebaut. Den DP-Deputéierte Marc Hansen huet haut zwee Gesetzestexter an der Chamber presentéiert.

weiderliesen...