D’Demokratesch Partei verléiert mam Lucien Emringer (1935-2026) e wichtegen an treie Begleeder, deen eiser Partei an de leschte Joerzéngten enk verbonne war. Seng politesch Carrière huet de Verstuerwenen als President vun der deemoleger JDL (Jeunesse démocrate et libérale) vun 1964 bis 1968 ugefaangen.
De Lucien Emringer huet zemol an de 1970er an 1980er Jore vill am Hannergrond fir d’DP geschafft. Esou huet hie mam fréiere Minister Jean Hamilius déi innovativ Campagne fir d’Chamberwale vun 1974 geleet, wéi d’DP an d’LSAP déi éischt Regierung (Thorn-Vouel/Berg) nom Zweete Weltkrich ouni d’CSV forméiert hunn. Op kommunalem Plang war den Emringesch Luss an der Steeseler DP-Sektioun aktiv.
De Lucien Emringer ass zu Bartreng an d’Primärschoul gaang an huet 1954 seng Première am Stater Kolléisch gemaach. No senge Studien a SciencePo op der Uni vu Genève huet hie vun 1960 bis 2000 bei den europäeschen Institutioune geschafft – déi lescht sechs Joer dovunner als Generaldirekter vum Office vun de Publicatioune vun der EU (EUR-OP) mat Sëtz zu Lëtzebuerg. De Lucien Emringer war och Honorarkonsul vu Mexiko.
Op sozialem Plang huet sech de fréiere Rotary-Gouverneur (Distrikt 1630) als Grënner vun der Inklusiounsinitiativ Zesummen Ënnerwee agesat. E Projet, fir deen de Verstuerwene vum internationale Rotary geéiert ginn ass. De Lucien Emringer war och dem Reitsport verbonnen, ë.a. als Grënner vum Tour de Luxembourg à cheval. Als President vun der Entwécklungsgesellschaft M Immobilier (2002-2017) war hien um Developpement vun de Rives de Clausen bedeelegt.
Mam Lucien Emringer verléisst eis een oppenen, dynamesche Mënsch an een exzellente politeschen Observateur. D’DP verléiert mat Luss e gudden, häerzlechen an treie Frënd.
Mir soe senger Famill, senge Frënn a Bekannten eist éierlecht Matgefill.
(Foto © Lëtzebuerger Journal)



