Gilles Baum

De soziale Fridden ass geséchert

Ween dëser Deeg eriwwer bei eis franséisch Nopere kuckt, dee mierkt séier, wéi wichteg de soziale Fridden an engem Land ass. Eis Regierung mam Premier Xavier Bettel ass sech däers absolut bewosst an handelt och deemno. Dat huet si mat hiren Anti-Krise-Mesuren an de leschte Joren däitlech gemaach.

An och elo, wou mir alleguerten ënnert der Hausse vun de Präisser – an zemol vun den Energiepräisser – leiden, huet d’Regierung séier an effikass gehandelt.

De Premier huet eng Tripartite aberuff, an där e gudden Accord mat de Sozialpartner ausgehandelt ginn ass.

D’Zil war vun Ufank u kloer: De Mënschen, de Betriber an den Independanten  ënnert d’Ärem ze gräifen an hinne mat pragmatesche Moossnamen ze hëllefen… ënnert anerem duerch Steiererliichterunge bis an d’Mëttelschicht eran, wéi d’DP se nach ëmmer ënnerstëtzt huet.

Beim Depot vum Budget, Enn vum leschte Joer, huet d’Finanzministesch Yuriko Backes esou Entlaaschtungen un déi finanziell Situatioun vum Land geknäppt. Abee, antëscht huet déi wirtschaftlech Lag sech verbessert: De Wuesstem zitt un a Lëtzebuerg huet déi niddregsten Inflatioun a ganz Europa. 

Et ass deemno méiglech gewiescht, fir eng deelweis Upassung vum Steierbarème ze maachen:  D’Kafkraaft vun de Biergerinnen a Bierger gëtt substantiell gestäerkt an d’Mëttelschicht gëtt entlaascht.

Esou ass d’Deckelung vum Energiepräis bis d’Enn vum anere Joer verlängert ginn.

All Index-Tranche gëtt 1zu1 un d’Leit ausbezuelt.

D’Steiertabell gëtt ab 2024 an Héicht vun 2,5 Indextranchen ugepasst.

Bis dohinner gëllt en neie Steierkredit réckwierkend op den 1. Januar vum lafende Joer an änlecher Héicht.

De bëllegen Akt gëtt vun 20.000 op 30.000 Euro eropgesat. An de Plaffong vun den ofsetzbare Scholdzënsen am Logement geet vun 2.000 op 3.000 Euro an d’Luucht – an zwar retro-aktiv op de 1. Januar vum Joer.

Wat bréngt dat elo konkret? Ech ginn iech e Beispill, wéi vill dat ausmécht.

Bei enger bestueter Koppel mat 2 Kanner an engem cumuléierten Akommes vun 9.500 brutto de Mount, déi e Logementsprêt zeréckbezilt, sinn dat dëst Joer 2.460 Euro manner Steieren.

Dat nächst Joer geet dee Chiffer nach eemol an d’Luucht. Deen Ament gewënnt dee Stot 2.580 Euro.  

Als Partei vun der Mëtt dréit d’DP den Accord vum 7. Mäerz mat. Et ass den drëtten Accord, deen d’Regierung mat der Ënnerstëtzung vun der DP bannent 12 Méint erreecht huet. Dat beweist, datt de sozialen Dialog hei am Land fonctionéiert an de soziale Fridde geséchert ass. D’DP bleift awer dobäi, fir weider eng virsiichteg Politik ze maachen an déi nächst Generatiounen net mat irresponsabelen Ausgaben ze belaaschten.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Kompass fir d’Jugendpolitik

Den 9. Mäerz 2026 huet den Educatiouns- a Jugendminister Claude Meisch de véierten nationale Jugendbericht virgestallt. Dëse beliicht d’Liewensrealitéit vu Jonken tëscht 12 an 29 Joer zu Lëtzebuerg a liwwert eng wichteg Grondlag fir eng modern a responsabel Jugendpolitik.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm déi nei Hëllef fir Famillje mat niddregem Akommes, d’Ausbezuele vun de Subventions de loyer a villes méi.

weiderliesen...

Gerechtegkeet fir all Elteren

An enger Question élargie an der Chamber huet d’DP-Deputéiert Corinne Cahen haut bei der Justizministesch nogefrot, wou d’Aarbechten um automateschen Unerkennungsrecht fir homoparental Koppelen am Kader vun der PMA (procréation médicalement assistée) dru sinn.

weiderliesen...

Besser Remuneratioun an der Arméi

Wéinst der ugespaanter internationaler Lag an den NATO-Verpflichtunge vu Lëtzebuerg gëtt den Effektiv vun eiser Arméi an deenen nächste Joren ausgebaut. Den DP-Deputéierte Marc Hansen huet haut zwee Gesetzestexter an der Chamber presentéiert.

weiderliesen...