D’Lëscht 1bis, Reaffektatiounen a Nominatiounen – wéi geet et an Zukunft fir d’Léierpersonal am Fondamental an de Gemenge virun?

Am Fondamental konnten net all Enseignanten an hirer Gemeng fir dat neit Schouljoer agesat ginn. Dëst Decisioun léich och beim Gemengerot. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino wollte wëssen, wéi dës Decisioune geholl ginn, an ob fir d’Zukunft Ännerunge bei der Affektatioun vun de Poste méiglech sinn.

« Il nous a été rapporté que, dans des écoles de l‘enseignement fondamental, des enseignants n‘auraient pas été réaffectés dans leur commune, et ceci suite aux décisions du Conseil Communal en séance. D‘après nos informations, ces enseignants ne pourraient pas briguer de poste sur la liste 1bis, réservée aux seuls postes devenus vacants suite au changement de commune des enseignants.

Partant, nous aimerions poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse :

  • Combien de postes ont été publiés sur la liste 1bis ces 5 dernières années ?
  • Monsieur le Ministre, estime-t-il qu‘un enseignant affecté sur un poste provisoire dans une commune devrait avoir la priorité lors du vote du Conseil Communal ?
  • Monsieur le Ministre, pourrait-il envisager une réforme de la liste 1bis afin que des enseignants non-réélus puissent y postuler ?
  • Serait-il envisageable de publier tous les postes libres sur la liste 1bis, et non seulement les postes devenus libres suite à des permutations ?
  • D‘une manière générale, et à la lumière de la loi de 2009, Monsieur le Ministre, est-il d‘avis que la nomination pour la liste 1 par les communes est toujours de mise ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Keen Accès zu biologesche Resultater vun der LëtzHBM-Etüd ?

Bei der Etüd « LëtzHBM » vum LNS gi biologesch Prouwen an Ëmweltprouwen erhuewe fir d’Präsenz vu chemesche Substanzen doheem bei Privatpersoune festzestellen. D’Resultater vun de biologesche Prouwe ginn, anescht wéi vun den Ëmweltprouwe, ginn de Participanten net systematesch kommunizéiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot firwat dës Resultater net matgedeelt ginn an ob dat konform zum Dateschutzreglement ass.

weiderliesen...

Wéi laang ass d’Waardezäit an der « Travel Clinic » ?

Bei Reesen a méi tropesch Regioune kann een sech an der “Travel Clinic” vum CHL beroden a géint verschidde Krankheeten impfe loossen. D’Waardezäiten an dëser Klinick sollen den Ament awer nawell laang sinn.
D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Patienten an de leschten 10 Joer an der “Travel Clinic” empfaange goufen, wéi d’Waardezäiten sech an dëser Period entwéckelt hunn an ob et net sënnvoll wier online ee Rendez-vous huelen ze kënnen, esouwéi dat fir vill aner Servicer vum CHL méiglech ass.

weiderliesen...

Wéi kann een de Beruff vum Aide-soignant revaloriséieren ?

De Manktem u Fleegepersonal gehéiert zu de gréissten Erausfuerderunge vun dëser Regierung. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Aides-soignanten aktuell am Land schaffen, wéi vill de Beruff an de leschte Jore gewiesselt hunn a wéi eng Mesüren d’Regierung ze huele gedenkt fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen.

weiderliesen...