D‘Parlament iwwert der Justiz an Israel?

An Israel riskéiert eng gréisser Reform vum Ieweschte Geriichtshaff, déi de Justizminister virgesinn huet, e wesentlechen Impakt op d'Justiz ze hunn an d'Opdeelung vun de Pouvoiren ze stéieren. Wat kéinten d'Konsequenze sinn, a wäert et zu enger europäescher Reaktioun kommen? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim Ausseministère nogefrot.

« En Israël, une réforme majeure de la Cour suprême envisagée par le Ministre de la Justice est sujette à discussion. Compte tenu du programme de réformes proposé, des critiques s’attendent à un affaiblissement important du système judiciaire et anticipent un déséquilibre au niveau des pouvoirs en Israël. Plus particulièrement, c’est l’introduction d’une clause dérogatoire qui permettrait à la Knesset d’annuler les décisions de la juridiction suprême qui évoque d’immenses critiques. De même, les propositions suivant lesquelles la procédure de nomination des juges affectés sera modifiée, suscitent des préoccupations.

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre des Affaires étrangères et européennes :

  • Comment Monsieur le Ministre évalue-t-il les propositions de la réforme judiciaire avancées par le Ministre de la Justice israélienne ?
  • Y aura-t-il une réaction au niveau de l’Union européenne, et laquelle ?

Est-ce que la réforme du système judiciaire israélien telle proposée aura un impact sur la continuation et les travaux du Conseil d’association UE-Israël qui s’était rencontré en session en octobre 2022 pour la première fois depuis 2012 ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini kënnt d’Pollen-App ?

De Gesondheetsministère hat annoncéiert, datt ugangs 2020 eng gratis App sollt ugebuede ginn, déi de Bierger Informatiounen iwwert d’Pollenkonzentratioun an der Loft liwwert.

No iwwer dräi Joer gëtt et déi App nach ëmmer net. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Aarbechten un dëser App dru sinn a wien mat hirer Entwécklung beoptragt ginn ass ?

weiderliesen...

Wäert Europa deemnächst méi séier handele kënnen?

Op Initiativ vun Däitschland hunn sech 10 europäesch Memberstaate an engem ‘Frëndeskrees’ zesummegedoen, fir Entscheedunge mat enger qualifizéierter Majoritéit ze promovéieren. Och Lëtzebuerg ass Deel vun dësem Grupp. Wat ass den Impakt heivun an Europa? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei Ausseministère nogefrot.

weiderliesen...

Ass de Grupp Wagner eng Terrororganisatioun ?

De 9. Mee huet déi franséisch Assemblée générale an enger Resolutioun dozou opgefuerdert, de Grupp Wagner an d’Lescht vun den Terrororganisatiounen opzehuelen. Wéi steet eisen Ausseministère zu dëser Demande ? Wäert Lëtzebuerg nozéien ? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...